7857 – Projet de loi portant modification : 1° de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid-19 ; 2° de la loi modifiée du 25 novembre 1975 concernant la délivrance au public des médicaments .

M. Sven Clement (Piraten)

Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt emol och vu menger Säit e grousse Courage fir all déi, déi gëschter Owend, an der Nuecht an och haut nach vum Ree betraff waren, an e ganz, ganz grousse
Merci un déi, déi hëllefen, do wou se kënnen. D’Rapporten aus de leschte Woche weisen, datt d’Infektiounszuelen nees an d’Luucht ginn. An de Virus ass och an de Kläranlagen nees present. Trotzdeem si glécklecherweis nach ëmmer wéineg Leit am Spidol an op den Intensivstatiounen, soudatt eng Iwwerlaaschtung vum Gesondheetssystem sech aktuell net unzekënnege schéngt. Et sinn am Moment éischter déi Jonk, déi sech mam Virus ugestach hunn, a si si jo an der Reegel manner vulnerabel. Mir freeën eis duerfir, haut en Text virleien ze hunn, deen déi aktuell Fräiheete bäibehale wëllt an de Leit, wat Privatevenementer ugeet, souguer nach méi Spillraum wäert ginn. Mir hoffen alleguer, datt mer dëse Summer mat all de Fräiheeten, déi dëse Projet virgesäit, genéisse wäerte kënnen an eis
eréischt am September nees hei wäerten erëmgesi mat engem neie Covidtext. Mee och wa mir haut en Text stëmmen, dee bis Mëtt September gëlle soll, musse mer virsiichteg bleiwen. Jo, aktuell gesäit d’Situatioun an de Spideeler gutt aus. Mee dat kéint sech ëmmer nach änneren. Am Moment zirkuléiert de Virus virun allem ënnert deene méi jonke Generatiounen, a mir hoffen alleguerten, datt d’Impfung déi eeler a vulnerabel Populatioun viru schlëmmen Infektioune schütze wäert. Mee et gëtt keng 100%eg Sécherheet.
Den Impakt vun der Delta-Variant an den Taux vun net geimpfte Persounen, deen, wéi mer jo am Waringo-Rapport nach eng Kéier liese konnten, a verschiddene Secteure méi héich ass wéi geduecht, bleiwe Variabelen, déi mer net aus den Ae verléieren däerfen.
Duerfir ass et wichteg, datt mer och iwwert de Summer virsiichteg bleiwen an och d’Chamber drop virbereet bleift, am Noutfall séier reagéieren ze kënnen an dëst Gesetz nach viru senger Echeance ze
adaptéieren. Gläichzäiteg bleift et essenziell, datt mer mat der
Impfcampagne virukommen. An do muss ech soen, datt ech et bedaueren, datt d’Majoritéit tatsächlech dës Woch dergéint gestëmmt huet, dem Personal aus dem Fleege- a Gesondheetssecteur nach emol e Bréif mat enger Invitatioun zoukommen ze loossen. Ech sinn der Meenung, datt ee bei dësem wichtege Sujet nach emol all d’Kommunikatiounsweeër hätt notze sollen. Mee dat war jo anscheinend net gewënscht. Et war mol eng Kéier, wou et net als superfetatoire klasséiert gouf, mee einfach als net gewënscht. Duerfir hoffen ech awer, datt déi aner Elementer aus der Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne vun der Regierung nach hir Wierkung wäerten hunn an trotzdeem nach méi Leit sech wäerte fir eng Impfung entscheeden. An deem Zesummenhang freeë mir eis och iwwert déi gutt Zesummenaarbecht an der Santéskommissioun wärend den Aarbechten un de Passagen iwwert den Impfzertifikat an de CovidCheck. Hei si ganz fréi Umierkunge vu menger Säit zu eventuell néidegen Adaptatioune fir eng Unerkennung vun de Kräizimpfungen diskutéiert an dunn och ëmgesat ginn. Wéi ëmmer hu mer parteiiwwergräifend an der Kommissioun un dësem Text geschafft, an dat ass sécherlech ganz positiv. Mee ech muss dës Kéier awer och soen, datt mer nach e wéineg méi séier hätte kënne sinn, wann direkt op all d’Bedenken agaange gi wär. Ech hat eng ganz Rei vu klenge Punkten, klenge
Sazännerungen ugeschwat, déi a mengen Ae Klarifikatiounen néideg gemaach hunn. Mee eréischt, wéi och de Conseil d’État seng Problemer mam Text hat an déi nämmlecht Textpropose gemaach
huet, goufe se geännert. Hätte mer direkt Amendementer gemaach, hätte mer schonn de leschte Freiden en Text virleie gehat, dee vläicht manner Observatioune vum Staatsrot gehat hätt. Mee och, wann dëst alt nees en Text ass, deen um leschte Stëppelfäerdeg ginn ass, denken ech, datt hei awer e gudde Wee fonnt ginn ass, fir esou de Leit am Privaten nach méi Fräiheeten ze ginn an am Nuetsliewe gläichzäiteg virsiichteg ze bleiwen. Mir hate mam leschte Covidtext däitlech gefuerdert, datt de CovidCheck och fir méi grouss Privatfeiere soll erlaabt sinn, fir Persounen, déi sech et net leeschte konnten, mat hirer Famill an engem Restaurant ze feieren, net ze benodeelegen. Datt dës Dispositioun elo an den Text opgeholl gouf, ass fir eis duerfir e ganz grousse Plus an dësem Projet. Et ass jo ni ze spéit, seng sozial Oder erëmzëentdecken. A wann d’ADR hei behaapt, se wéilten de Leit doheem net draschwätzen, da sinn ech dach e bëssen erstaunt, well genau déi nämmlecht Partei schwätzt
de Leit net nëmmen doheem dran, mee wëllt och nach jonken a manner jonke Frae soen, wat se mat hirem Kierper maachen dierfen oder net maachen dierfen.
Plusieurs voix: Très bien!
M. Sven Clement (Piraten) Dat ass einfach nëmmen Hypokrisie! E méi onklore Punkt vum Projet war am Ufank dee vun den Autotester, déi ëm Mëtternuecht hir Gëltegkeet verléiere sollten. Hei war de Problem deen, wéi de Gerant soll kontrolléieren, ob och wierklech
jiddereen, dee just en Autotest hat, d’Lokal zur richteger Zäit verlooss huet. Schliisslech hätt hien héich Strofe riskéiert. Hei freeë mer eis, datt mer eis hei eens konnte ginn, datt d’Responsabilitéit bei de Clientë leie muss an de Besëtzer vun engem Etablissement net dierf bestrooft ginn, wann ee vu senge Clientë sech net un d’Gesetz gehalen huet. D’Clientë verwandele sech jo schliisslech net mam Glackeschlag an e Kürbis zréck, dat gëtt et just an de Märecher. A mir wëlle jo och net, datt d’Clienten an der Entrée e Bracelet kréien oder anescht markéiert ginn, jee nodeems, ob se eng Impfung, e PCR-Test, en zertifiéierten Test oder eeben en Autotest hunn. Dat si jo awer perséinlech medezinnesch Informatiounen, déi net no bausse solle gedroe ginn. Wat also d’Wierksamkeet vun dëser Mesure ugeet, muss ech zouginn, datt ech mer net sécher sinn, ob et epidemiologesch wierklech e groussen Effekt wäert hunn, wann en Deel vun de Clienten ëm eng bestëmmten Auerzäit en Etablissement verléisst, nodeems se all awer schonn e puer Stonnen zesumme verbruecht hunn. Ech mengen awer, datt dës Mesure eeben net just derzou féiere wäert, datt eng Rei Leit d’Etablissement um eng Auer an der Nuecht verloosse wäerten, mee och derzou, datt d’Leit verstinn, datt d’Autotester manner sécher sinn an duerfir direkt zu aneren Tester, sief et den zertifiéierte Schnelltest oder de PCR-Test gräifen. Hei muss elo déi nächst Woche gekuckt ginn, ob dësen Effekt tatsächlech antrëtt an eventuell, falls et net de Fall sollt sinn, nach nogebessert muss ginn, an dat op alle Fall och schonns viru September. Ech sinn awer liicht optimistesch, datt de gewënschten Effekt antriede kéint. Eng aner Ännerung, déi dëse Projet mat sech
bréngt, ass déi, datt net méi just de Profisportler dierf un Turnéieren deelhuelen, mee elo och endlech nees all aner Sportlerin a Sportler, déi eng Lizenz fir Kompetitiounssport hunn. Mir hu viru Kuerzem eréischt iwwert d’Virdeeler vum Sport heibanne geschwat. A jiddereen huet betount, wéi wichteg de Sport ass fir d’kierperlech an
d’mental Gesondheet, awer och fir d’Inklusioun. Do ass et elo natierlech eng grouss Freed, dës Lackerung hei matzestëmmen, well ech mengen, datt dat hei eng Ännerung ass, op déi sécherlech vill Leit gewaart hunn. Wat d’Adaptatioune vun der Lëscht u Persounen
ugeet, déi elo Schnelltester dierfen zertifiéieren, si mer och derfir, esou vill wéi méiglech Gesondheetsberuffer an dëser Lëscht opzehuelen, fir d’Accessibilitéit vun esou Tester ze vereinfachen.
Mir ënnerstëtzen och d’Iddi, datt d’Maisons médicales sollen e Medikamentendepot dierfen hunn. An zu gudder Lescht freeë mer eis och, datt de Congé pour raisons familiales soll verlängert ginn. Ech sot et am Ufank vu menger Ried: Et sinn aktuell virun allem déi Jonk, déi betraff sinn. An déi hunn och vläicht nach méi jonk Geschwëster doheem, déi deemno wéi mat krank ginn oder a Quarantän mussen. Dann ass et wichteg, datt mer den Elteren
d’Méiglechkeet ginn, bei hire Kanner kënnen ze bleiwen. An duerfir brauche mer och weiderhin nach de Congé pour raisons familiales. Mee dat soen ech awer net, ouni net och un d’Betriber zedenken, fir déi dës nei Form vu Congé eng grouss Belaaschtung ka sinn, wann d’Employéë vun haut op muer op eemol ausfalen an awer weider bezuelt musse ginn. Dat ka fir Betriber, déi duerch d’Kris an d’Strauchele komm sinn, ganz schwéier sinn. An duerfir ass et wichteg, datt d’Covidaidë weiderlafen an, wann néideg, no uewen ugepasst ginn.


Här President,

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, loosst mer nach d’Geleeënheet, fir dem Ausdauersportler, éischter Rapporter, Mars Di Bartolomeo fir säi gewinnt komplette mëndlechen a schrëftleche Rapport Merci ze soen. Ech ginn heimadder also den Accord vun de Piraten zu dësem Projet an dat mat der grousser Hoffnung, datt mer gutt duerch de
Summer komme wäerten, mee awer net ouni ze warnen, datt mer weiderhi virsiichteg bleiwe sollten an d’sanitär Situatioun kontinuéierlech weider am A behale mussen. An da kommen ech awer net derlaanscht, fir meng lescht Minutt fir en änleche Sujet ze notze wéi virdrun de Claude Wiseler. Ech fannen et feig, wierklech feig vun enger Ministesch, fir heibannen, nodeem hir konkreet Froe gestallt goufen – op Basis vun engem schrëftleche Rapport, dee vun der Chamber, zesumme mat der Regierung, mandatéiert gouf -, net wëllen op déi Froen ze äntwerten. Dat ass e Refus vun hirer Missioun, dem Parlament Rechenschaft ofzeleeën! Ech fannen dat dramatesch. An dat weist op en Neits, wéi wéineg Respekt verschidden, an ech soen et ganz bewosst, verschidde Regierungsmembere virum Parlament hunn. Et gëtt der, an do kann ech d’Madamm Lenert zitéieren, déi ëmmer do war, wa se geruff ginn ass, an eng ganz Rëtsch vun hire Kolleeginnen a Kolleegen och, déi allkéiers komm sinn, egal wéi chargéiert den Agenda war, fir virum Parlament Ried an Äntwert ze stoen, déi d’Parlament proaktiv informéiert hunn.
An hei gouf et virgëschter e Refus: e Refus, fir virum Parlament Rechenschaft ofzeleeën. Awer direkt gekoppelt domadder, virun hirem eegene Forum d’Parlament ze beschëllegen, well, jo … Woufir
iwwerhaapt? Well d’Parlament seng Aarbecht gemaach huet! Well d’Parlament kritesch Froe gestallt huet. Well d’Parlament Opklärung verlaangt huet. Well mir als Parlament, als Chamber, mussen de
Staffelstaf ophuelen, deen de Rapport Waringo eis dohinner ginn huet. De Staffelstaf ophuelen, fir eng méi detailléiert Analys iwwert d’Haiser ze maachen, wéi et am Rapport méiglech war, eng detailléiert Analys, déi eebe genau weist, wéi eng Mesurë gegraff hunn a wéi eng Mesuren eeben net gegraff hunn. Et geet net duer ze soen: „Am Lauterbann, do sinn eebe 60 Zëmmer ouni Toilette an duerfir war do e Cluster.“ Et gëtt véier aner Haiser, léif Kolleeginnen
a Kolleegen – véier aner Haiser! -, déi véier oder méi Clusteren haten. An ech ka mer net virstellen, datt se alleguerte 60 Zëmmer ouni Toilette hunn!
Une voix.- Très bien!
M. Sven Clement (Piraten).– Dat heescht, mir musse wëssen: Wat huet geklappt, wéini huet et geklappt a wat huet net geklappt, wa mer et wëlle besser maachen. A wa sech eng véiert Well am Moment ukënnegt, da geet et net duer, dat eréischt am Hierscht ze maachen. Da musse mer dat elo maachen, well soss huet och dës Chamber herno nach Blutt un den Hänn.
Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Däitsch Medie mellen, dass Däitschland een Accord mat Israel fonnt huet, fir Rackéitenofwiersystemer vum Typ “Arrow 3” ze kafen. Laut Berichter sollen dës Ofwiersystemer
D’Piratepartei huet den 3ten Oktober op enger Pressekonferenz Léisungen fir eng gerecht Stéierpolitik presentéiert. D’Presentatioun gouf vum Sven Clement, eisem nationale Spëtzekandidat, an och
Den 18ten Oktober invitéiert de Chef d‘État Major vun der Arméi op ee Concert mam Titel „Fënnef Joer Engagement fir d‘Arméi“. Dësen Owend, zu