M. Sven Clement (Piraten) | Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech weess, et ass net méi ganz fréi haut den
Owend.
(Interruption par M. Mars Di Bartolomeo)
Ech weess och, datt dat mat „Pirateschëffer“ a „Weltmierer“ sech natierlech hei absolutt offréiert fir
allgemeng Heiterkeet, kann ee soen. An et ass och
näischt Neies, datt ech ganz gären zu deenen Theeme
schwätzen. A mäi Kolleeg Marc Goergen hat schonn
am Kader vum Debat iwwert den Nationale Klimaan Energieplang an enger Motioun gefuerdert, datt Lëtzebuerg progressiv aus dem Bëllegflagge-Business erausklamme sollt a just nach Banneschëfffaart um europäesche Kontinent sollt maachen.
Trotzdeem ënnerstëtze mir Piraten dës zwee Projeten, well se d’Proprietäre vun de Schëffer méi staark
an d’Responsabilitéit huelen. 93 % vun de Schëffer
ënner europäeschem Fändel goufen 2015 nach an
Drëttstaaten auserneegeholl an, kommt, mir soe
mol: „recycelt“, woubäi een dat u sech net no europäeschem Standard als Recycling kéint bezeechnen. Dat
Wäertvollst gouf erausgerappt an de Rescht gouf verrotte gelooss op iergendwelleche Plagen, wat u sech
ganz Ökosystemer a Gefor bruecht huet.
Mir si bei de Schëffer u sech dee selwechte Wee
gaange wéi bei eisem Dreck! Mir hunn en an aner
Länner gefouert an déi hunn do missen déi Tonnen
an Tonne verschafft kréien. Ech erënnere mech nach
un déi Biller, wéi eng Kéier e südostasiatesche Staat e
Container Plastik zréck an d’USA geschéckt hat, fir eng
Kéier e Statement ze maachen: „Mir sinn net d’Poubelle vun der entwéckelter Welt!“ An ech mengen,
genau dat hu mer bei de Schëffer joerzéngtelaang gemaach. Mir hunn u sech iergendwéi probéiert, se nach
dohinner ze schleefen, Schëffer, déi deelweis guer net
méi kapabel waren ze fueren, sinn nach iergendwéi
dohinner geschleeft ginn, sinn deelweis och ënnerwee
ofgesoff. Dofir ass et och gutt, datt mer hei direkt déi
zwou Konventiounen an engem Coup traitéieren. Mir
hunn onnéideg CO2-Emissioune produzéiert, d’Verschmotzung vun der Natur um Wee dohinner a Kaf
geholl an an den Drëttlänner, wou „recycléiert“ – ënner
Anführungszeichen …
(Signal sonore d’un portable et interruption)
Also dofir si mir Piraten frou, datt d’EU op de Wee
gaangen ass, fir de Recycling besser ze kontrolléieren, datt et och wierklech Recycling ass, datt elo mat
der Hongkong-Konventioun – net ze vergiessen, déi
ass dann och elo schonn nees 13 Joer jonk – weider
Länner nozéien. Well net nëmme schütze mer domat
d’Ëmwelt, mee mir schafen och Aarbechtsplazen an
Europa. Ufank 2020 gouf et scho 26 Werften an der
EU, déi eng Lizenz haten, fir Schëffer ze zerleeën. Hei
huet Lëtzebuerg d’Responsabilitéit fir sécherzestellen, datt déi ronn 200 Schëffer, déi mat eisem Pavillon
fueren, och spéider dann anstänneg zerluecht ginn.
Eisen Accord fënnt awer och d’Nairobi-Konventioun –
déi nach eng Kéier e bësse méi al ass, déi huet dann
dëst Joer scho 15 Joer gefeiert – zur Biergung vun de
Wracken. Dës Konventioun fëllt jo e juristescht Lach,
wat d’internationaalt Mierrecht ugeet. Bon, d’historesch Pirate waren net onbedéngt ëmmer Fans vum Mierrecht, mee dat hënnert awer déi aktuell Piraten net drun, fir et gutt ze fannen, wa mer hei juristesch Viden opfëllen.
Si zwéngt nämlech elo d’Proprietäre vun de Schëffer an d’Werften, fir déi néideg Versécherungen
ofzeschléisse fir dann an engem Fall vun engem
versonkene Schëff – an dat ass meeschtens hautdesdaags net méi aus dem Grond, well e Pirat drop
geschoss huet, mee einfach well d’Maintenance
schlecht war – oder, an dat ass och wichteg, am Fall
vu versonkener Wuer! Well allze heefeg héiere mer,
grad am Pazifik, datt am Indeschen Ozean ganz
Containeren iwwer Bord ginn an datt déi méintelaang
do am Mier dreiwe gelooss ginn, éier se progressiv
da versénken, wou heefeg guer net kloer ass, wat
dran ass. A bis da kloer ass, wat dran ass, si se sou
wäit fort, datt kee méi se retracéiert kritt, kee se méi
erausfëscht. An den Ëmweltschued ass gemaach!
Deementspriechend muss mat der Nairobi-Konventioun dat endlech gebuerge ginn an et däerf zu kenger
weiderer Waasserverschmotzung kommen.
Et ass eng ganz interessant Konventioun, déi eis als
Lëtzebuerger Staat elo net direkt betrëfft an deem
Sënn, datt mir jo keng Zone économique exclusive
hunn. An awer! Mir hunn, wéi ech scho sot, ronn 200
Schëffer ënner eisem Pavillon maritime fueren. An och
déi mussen an Zukunft hir Responsabilitéiten huelen a
gläichzäiteg dann och déi néideg Demarchen ënnerhuelen. Och bei dësem Projet steet also de Schutz vun
eisem Planéit, vun eise Mierer am Vierdergrond.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir Piraten ënnerstëtzen, wéi gesot, dës Upassunge vum gesetzleche Kader, fir datt Abusen an Zukunft verhënnert kënne ginn, mir als Staat Responsabilitéit huelen a fir datt eis Schëffer, ob grouss oder kleng, an Zukunft net méi an anere Länner oder um Buedem vun de Weltmierer ofgeluede ginn, mee propper recycléiert ginn.
Ech soen Iech Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!
- December 8, 2023
- 1:19 pm
- Natur, Ëmwelt & Klima, Parlamentaresch Froen
Zu Rodange gëtt de Bau vun engem Jugend- a Familljenhotel geplangt. Dëse Projet stéisst op Widderstand vu Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng, well