M. Sven Clement (Piraten)
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, et ass näischt Neits, datt mir Piraten fir méi streng Regulatioune sinn, fir déi Schëffer, déi mat Lëtzebuerger Fändel .
(Hilarité) Net fir déi, déi mat Piratefändel fueren, …
Une voix | A!
M. Sven Clement (Piraten) | … mee fir déi, déi mat Lëtzebuerger Fändel fueren.
M. Mars Di Bartolomeo (LSAP) | Déi meescht leie schonn op 10.000 Meter Déift.
(Interruption)
M. Fernand Kartheiser (ADR) | An déi aner zwee
kommen no.
(Hilarité générale)
M. Fernand Etgen, Président | Den Här Clement
huet d’Wuert.
(Interruption)
M. Sven Clement (Piraten) | Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech weess, et ass net méi ganz fréi haut den Owend.
(Interruption par M. Mars Di Bartolomeo)
Ech weess och, datt dat mat „Pirateschëffer“ a „Weltmierer“ sech natierlech hei absolutt offréiert fir allgemeng Heiterkeet, kann ee soen. An et ass och näischt Neies, datt ech ganz gären zu deenen Theeme schwätzen. A mäi Kolleeg Marc Goergen hat schonn
am Kader vum Debat iwwert den Nationale Klimaan Energieplang an enger Motioun gefuerdert, datt Lëtzebuerg progressiv aus dem Bëllegflagge-Business erausklamme sollt a just nach Banneschëfffaart
um europäesche Kontinent sollt maachen. Trotzdeem ënnerstëtze mir Piraten dës zwee Projeten, well se d’Proprietäre vun de Schëffer méi staark an d’Responsabilitéit huelen. 93 % vun de Schëffer
ënner europäeschem Fändel goufen 2015 nach an Drëttstaaten auserneegeholl an, kommt, mir soe mol: „recycelt“, woubäi een dat u sech net no europäeschem Standard als Recycling kéint bezeechnen. Dat Wäertvollst gouf erausgerappt an de Rescht gouf verrotte gelooss op iergendwelleche Plagen, wat u sech ganz Ökosystemer a Gefor bruecht huet. Mir si bei de Schëffer u sech dee selwechte Wee
gaange wéi bei eisem Dreck! Mir hunn en an aner Länner gefouert an déi hunn do missen déi Tonnen an Tonne verschafft kréien. Ech erënnere mech nach un déi Biller, wéi eng Kéier e südostasiatesche Staat e Container Plastik zréck an d’USA geschéckt hat, fir eng Kéier e Statement ze maachen: „Mir sinn net d’Poubelle vun der entwéckelter Welt!“ An ech mengen, genau dat hu mer bei de Schëffer joerzéngtelaang gemaach. Mir hunn u sech iergendwéi probéiert, se nach dohinner ze schleefen, Schëffer, déi deelweis guer net méi kapabel waren ze fueren, sinn nach iergendwéi dohinner geschleeft ginn, sinn deelweis och ënnerwee ofgesoff. Dofir ass et och gutt, datt mer hei direkt déi zwou Konventiounen an engem Coup traitéieren. Mir hunn onnéideg CO2-Emissioune produzéiert, d’Verschmotzung vun der Natur um Wee dohinner a Kaf geholl an an den Drëttlänner, wou „recycléiert“ – ënner Anführungszeichen …
(Signal sonore d’un portable et interruption)
Also dofir si mir Piraten frou, datt d’EU op de Wee gaangen ass, fir de Recycling besser ze kontrolléieren, datt et och wierklech Recycling ass, datt elo ma der Hongkong-Konventioun – net ze vergiessen, déi
ass dann och elo schonn nees 13 Joer jonk – weider Länner nozéien. Well net nëmme schütze mer domat d’Ëmwelt, mee mir schafen och Aarbechtsplazen an Europa. Ufank 2020 gouf et scho 26 Werften an der EU, déi eng Lizenz haten, fir Schëffer ze zerleeën. Hei huet Lëtzebuerg d’Responsabilitéit fir sécherzestellen, datt déi ronn 200 Schëffer, déi mat eisem Pavillon fueren, och spéider dann anstänneg zerluecht ginn. Eisen Accord fënnt awer och d’Nairobi-Konventioun –
déi nach eng Kéier e bësse méi al ass, déi huet dann dëst Joer scho 15 Joer gefeiert – zur Biergung vun de Wracken. Dës Konventioun fëllt jo e juristescht Lach, wat d’internationaalt Mierrecht ugeet. Bon, d’historesch Pirate waren net onbedéngt ëmmer Fans vum Mierrecht, mee dat hënnert awer déi aktuell Piraten net drun, fir et gutt ze fannen, wa mer hei juristesch Viden opfëllen. Si zwéngt nämlech elo d’Proprietäre vun de Schëffer an d’Werften, fir déi néideg Versécherungen ofzeschléisse fir dann an engem Fall vun engem
versonkene Schëff – an dat ass meeschtens hautdesdaags net méi aus dem Grond, well e Pirat drop geschoss huet, mee einfach well d’Maintenance schlecht war – oder, an dat ass och wichteg, am Fall
vu versonkener Wuer! Well allze heefeg héiere mer, grad am Pazifik, datt am Indeschen Ozean ganz Containeren iwwer Bord ginn an datt déi méintelaang do am Mier dreiwe gelooss ginn, éier se progressiv da versénken, wou heefeg guer net kloer ass, wat dran ass. A bis da kloer ass, wat dran ass, si se sou wäit fort, datt kee méi se retracéiert kritt, kee se méi erausfëscht. An den Ëmweltschued ass gemaach!
Deementspriechend muss mat der Nairobi-Konventioun dat endlech gebuerge ginn an et däerf zu kenger weiderer Waasserverschmotzung kommen. Et ass eng ganz interessant Konventioun, déi eis als Lëtzebuerger Staat elo net direkt betrëfft an deem Sënn, datt mir jo keng Zone économique exclusive hunn. An awer! Mir hunn, wéi ech scho sot, ronn 200 Schëffer ënner eisem Pavillon maritime fueren. An och déi mussen an Zukunft hir Responsabilitéiten huelen a gläichzäiteg dann och déi néideg Demarchen ënnerhuelen. Och bei dësem Projet steet also de Schutz vun eisem Planéit, vun eise Mierer am Vierdergrond.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir Piraten ënnerstëtzen, wéi gesot, dës Upassunge vum gesetzleche Kader, fir datt Abusen an Zukunft verhënnert kënne ginn, mir als Staat Responsabilitéit huelen a fir datt eis Schëffer, ob grouss oder kleng, an Zukunft net méi an anere Länner oder um Buedem vun de Weltmierer ofgeluede ginn, mee propper recycléiert ginn.
Ech soen Iech Merci.