7844- project de loi portant modification: 1° de la loi du 19 décembre 2020 portant adaptation temporaire de certaines modalités procédurales en matière civile et commerciale; 2° de la loi modifiée du 8 mars 2017 sur la nationalité luxembourgeoise.

M. Marc Goergen (Piraten)

Merci, Här President.
Ech komme kuerz erop, well mir zu deem Theema eng Proposition de loi eraginn haten. Ech wëll awer och der Madamm Carole Hartmann Merci soe fir hire gudde Rapport zu dësem Theema. Wat d’Verfarensmodalitéiten ugeet, si mer der Meenung, dass een eng weider Verlängerung vun den aktuelle sanitäre Mesurë wéinst de momentanen Infektiounszuelen duerchaus akzeptéiere kann. Mir
fannen awer, dass eng Verlängerung, déi direkt bis un d’Enn vum Joer datéiert ass, ze laang ass, wann een an der Logik vun der Regierung bleift, mat där mir oft geäntwert kruten, wa mir fir Planungssécherheet via Motioune gefrot hunn, fir d’Gesetzer bis Dezember ze stëmmen. Hei geet et ëm staark Mesuren, do awer gesäit d’Regierung da kee Problem, fir méi wäit am Viraus ze plangen. Wat awer en aneren Deel vum Gesetz ugeet – dofir sinn ech och eropkomm -, den Deel, wou et ëm Persoune geet mat auslännesche Virfaren, deen et erlabe soll, hir Demande, fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, nach bis 2022 ze finaliséieren, esou hu mir Piraten net schlecht gestaunt, wéi mer dëse Projet gesinn hunn. Mir hate schliisslech schonn éier d’Regierung dëse Projet agereecht huet eng Proposition de loi deposéiert, déi genee esou eng Verlängerung och virgesinn huet. D’Dauer vun de Verlängerunge war net déi selwecht, jo, mee amplaz en neie Projet anzereechen, hätt ee ganz einfach kënnen diskutéieren an e Kompromëss fannen. Mir hunn an eiser Propositioun virgeschloen, auslännesche Biergerinnen a Bierger, déi lëtzebuergesch Virfaren hunn, nach bis 2028 d’Chance ze ginn, eng Demande fir d’Unhuele vun der Lëtzebuerger Nationalitéit anzereechen, a wollten hinne bis 2030 ginn, fir d’Prozedur ofzeschléissen. Obwuel eis Propositioun virun där vun der Regierung deposéiert gouf, ass just de Regierungsprojet vum Staatsrot aviséiert ginn an duerno op den Ordre du jour komm. Dat ënnersträicht just emol, wivill Muecht a sech d’Regierung och um Niveau vun der Legislativ huet. Eng staark Demokratie dierf kee schwaacht Parlament hunn! Mir wäerten dës minimal Verlängerung vun der Frist haut matstëmmen, ma eis eege Proposition de loi dofir awer net zréckzéien! Mir hunn en aneren Delai proposéiert a mir wëllen am Parlament héieren, ob eis Virstellunge gedeelt oder verworf ginn, a wisou. Mir hoffen, dass mir net schonn 2022 de Leit d’Recht, d’Lëtzebuerger Nationalitéit kënnen unzefroen, wäerten ewechhuelen an dofir gemeinsam nach eng Kéier fir eng weider Verlängerung hei am Haus stëmme wäerten. Bis et souwäit ass, dass eis Proposition de loi dann och endlech ka behandelt ginn, freeë mir eis natierlech och iwwer all kleng Verlängerung. Dofir wäerte mir dëse Projet och haut matstëmmen.
Merci.



Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat