M. Sven Clement – CETA geriicht, an ee vun den Haaptkritikpunkte waren déi onsäglech Schidsgeriichter, wou Multinationalle
kënne géint demokratesch Decisioune vu souveräne
Staate kloen.
Zwee Joer nodeems d’Majoritéit hei matten am
Confinement, Dir erënnert Iech, de CETA duerch
d’Parlament gejot huet, wäert se mat dësem Projet
de loi viraussiichtlech erëm en neit Investitiounsofkommes mat Schidsgeriichter ratifizéieren, dës Kéier mam Vietnam. Iwwert dee ganze Fräihandelsaccord, deen dozou gehéiert, brauch jo mëttlerweil
just nach d’Europaparlament ofzestëmmen. An dat
arrangéiert heibanne wuel esou munchereen.
Et ass wierklech eng eenzeg Hypokrisie vun der EU,
well si fiert genee no deem ale Muster weider, egal
ob d’Leit dergéint sinn oder net. „Mir mussen d’Europäesch Unioun méi no bei d’Leit bréngen“, heescht et ëmmer erëm, an: „Mir mussen de Biergerinnen a Bierger méi nolauschteren“, héiert een ëmmer erëm.
Mee et sinn alles nëmmen eidel Wierder. Wann et ëm
de Profitt geet, dann ass erëm alles vergiess!
Dës Paralleljustiz awer fir d’Multinationallen huet
schonn immens vill Misär mat sech bruecht. D’Staate
gi verklot, well se d’Energietransitioun wëlle weiderbréngen oder well se eng ambitiéis Gesondheetspolitik wëlle maachen. D’Regierungen traue sech net
méi, gewësse Politicken ëmzesetzen, aus Angscht,
vun enger Multinationall op Milliarden Euro Schuedenersaz verklot ze ginn.
D’Rechtsstaatlechkeet gëtt domadder weeder an der
EU nach am Vietnam verbessert. Au contraire! A firwat raumt d’Politik de Multinationallen iwwerhaapt esou Privileegien an a knuebelt sech selwer? Just well d’Multinationalle behaapten, se géifen duerno méi
investéieren.
Et gëtt an der wëssenschaftlecher Literatur kee Beweis, dass déi Investitiounsaccorde mat deene
Schidsgeriichter zu méi Direktinvestitiounen oder
souguer zu méi Aarbechtsplaze géife féieren. Am Contraire, si féieren natierlech virun allem zu Delokalisatiounen an Niddreglounlänner an dohannen zur Ausbeutung vu lokalen Aarbechterinnen an Aarbechter an natierleche Ressourcen.
Här President, dës Zort vun Accorde si moossgeschneidert op d’Besoine vun de grousse Multinationallen. Si erlaben de grousse Konzerner, Filialen op alle Kontinenter anzeriichten, jee nodeems, wou se kënnen e puer Cent op de Salairë spueren, oder jee
nodeems, wou se kënne vun niddregen Ëmwelt- a
Sozialstandarde profitéieren. Esou kënne se op der ganzer Welt Regierungen an d’Aarbechter an d’Aarbechterinne géinteneen ausspillen!
D’Produkter maache wärend der Fabrikatioun
dräimol den Tour ronderëm d’Welt, éier se beim
Consommateur ukommen, an dreiwen domadder de
Klimawandel weider un. Alles just, fir de Profitt vun
den Aktionären an d’Luucht ze dreiwen!
Haut, zwee Joer no der Pandemie an de geopolitesche Verwerfungen, déi mer kennen, gëtt dësen ekonomesche Modell ëmmer méi a Fro gestallt. „Resilienz vun de Liwwerketten“, heescht et jo iwwerall, an: „Mir däerfen net méi esou ofhängeg si vun den
asiatesche Fabricken“, héiere mer och ëmmer erëm.
Abee, heimadder votéiert d’Chamber erëm eng Kéier
genee de Contraire. Mir wäerten dat sécherlech net
matstëmmen!
Mme Myriam Cecchetti (déi Lénk) | Très bien!
M. Fernand Etgen, Président | Merci villmools,
Madamm Oberweis. A leschten ageschriwwene Riedner ass den honorabelen Här Sven Clement.
M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt och e
grousse Merci vu mir un de Rapporter Yves Cruchten
fir den ausféierleche Rapport. Trotzdeem, 2020 huet
d’EU dëse Fräihandelsaccord mam Vietnam ofgeschloss, an dëse war vun europäescher Säit u sech
un eng ganz Rëtsch Konditioune gebonnen. Ënner
anerem sollt d’Aarbechtsrecht u verschidden international Traitéë vun der OIT ugepasst ginn. A wien op
d’Geschicht ageet, dee weess, datt aacht Joer laang
un dësem Accord geschafft ginn ass. Leider huet sech
d’Situatioun, an dat muss ee soen, „leider“ huet sech
d’Situatioun am Vietnam an dëse Joren awer net nennenswäert verbessert!
D’Piraten am Europaparlament hate sech beim Vott
géint dësen Traité ausgeschwat, dëst, well mir wuel
wëlle Länner wéi de Vietnam doranner ënnerstëtzen, fir kënnen um weltwäite Maart Fouss ze faassen, an eis Relatioune mam Land wëlle verbesseren,
mee: D’Fuerderunge vum Europaparlament an der
Kommissioun goufen net all erfëllt!
D’EU hat d’Land opgeruff, fir d’Versammlungsfräiheet, d’Meenungsfräiheet an d’Schafe vun onofhängege Gewerkschaften am Code pénal ze integréieren.
Dëse Fuerderungen ass net nokomm ginn! Et gëtt
nach ëmmer keng onofhängeg Gewerkschaften am
Land a Journalistinnen a Journaliste ginn nach ëmmer
ënner Virwänn festgeholl. D’EU huet den Accord dann
am Februar 2020 ofgestëmmt, a säitdeem si weider
Journalisten an Aktiviste wéi d’Pham Doan Trang festgeholl a verurteelt ginn.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir
wënschen eis, datt d’EU konsequent un hire Fuerderunge festhält, konsequent zu hire Fuerderunge
steet, déi am Virfeld vun esou engem Accord festgehale ginn, an datt d’Memberstaate sech herno net
mat manner zefridde ginn!
Dësen Accord ass vun den EU-Memberstaaten net
ausräichend genotzt ginn, fir d’Rechter vun de Leit
am Vietnam ze stäerken an aus dem Land e verlässleche Partner ze maachen, wat d’Mënscherechter
ugeet. An duerfir wäerte mir Piraten dëse Fräihandelsaccord net matstëmmen.
Ech soen Iech Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!
M. Sven Clement (Piraten) | Här President, dat geet
net!
M. Fernand Etgen, Président | Freet d’Chamber
d’Dispens vum zweete Vote constitutionnel?
M. Sven Clement (Piraten) | Dat geet net op.
M. Fernand Etgen, Président | Et ass also esou decidéiert.
(Interruptions diverses)
Mir kommen elo zum nächste Punkt, dem Projet de
loi 7942, engem Amendement …
M. Sven Clement (Piraten) | Här President! Pardon,
Dir hutt elo grad 58 zu 2 annoncéiert. Ech zielen an
op den éischte Bléck mengen ech, datt mer net zu 58
sinn.
M. Fernand Etgen, Président | 48!
M. Marc Goergen (Piraten) | Dir hat 58 gesot.
M. Sven Clement (Piraten) | 58 hutt Der gesot.