M. Sven Clement (Piraten)
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, nach eng Kéier merci un de Rapporter fir déi ausféierlech Erklärungen. Wann ech mer sou d’Reaktiounen unhéieren hu virdrun, dann hat ech e bëssen d’Gefill, datt jiddweree sou méi oder manner domadder averstane wier, datt dat e ganz onspektakuläre Finanzprojet sollt sinn, deen e Secteur betrëfft, mat deem vill Leit am Alldag wéineg ze dinn hunn an deen zwar de Bifdeck tangéiert, mee éischter sou d’Bäilag vum Bifdeck ass wéi de Bifdeck selwer. Mat dësem Gesetzesprojet sollten e puer Ännerunge
kommen, punktuell, wat d’Reegele fir Verbréifungsgesellschaften, also déi Firmen, déi Wäertpabeieren opsetzen, betreffen. Zum Beispill sollen dës speziell Firmegesellschafte sech dann elo och mussen am
Registre de commerce androen. Esou wäit, esou gutt. Mee nee, leider net. Dëse schäinbar onspektakuläre Gesetzesprojet ass nämlech alles anescht wéi dat. D’Stëmme vun dësem Projet wäert dozou féieren, datt d’Immobiliespekulatioun zu Lëtzebuerg weider ugeheizt gëtt. Do freet ee sech, firwat? Ma well dës Finanzgesellschafte mat dësem Gesetzesprojet – an do ass de Staatsrot och enger Meenung mat mer – an Zukunft direkt kënnen Immobilie kafen oder och indirekt duerch Duechterfirmen an de Besëtz vu Wunnenge kommen. Dës Gesellschafte si reng op Finanzproduite spezialiséiert. Si wäerte keng Wunnengen hei am Land bauen. Si kafe just a verkafen dann erëm zu engem méi héije Präis. U sech e Skandal! Esou muss een et einfach soen. Jorelaang gëtt dem Bierger an der Biergerin dobausse gesot, et wier ee sech der Logementsproblematik bewosst, et wéilt ee géint d’Spekulatioun virgoen, an dann esou eppes. Dat kënne mir Piraten
net akzeptéieren! Ech kann net novollzéien, wéi esou
eppes ka sinn. Et gouf dunn an de Rapport eng Nott opgeholl, datt
dës Firme keng Activités commerciales mat dëse Wunnengen dierfen hunn. Bon, dat ass … mir wëssen … mir kennen déi Diskussioun iwwert d’Activités commerciales méi wéi genuch. An dat ass awer esou e Gummibegrëff. A virun allem, wann ee weess, wéi vill där Firmestrukturen et gëtt, an datt een allkéiers fir een Objet quasi erëm eng Zweckgesellschaft ka maachen, da fänkt et awer un, iergendwou
kokass ze ginn. An da steet et just am Rapport, et steet net am Gesetz! Op där enger Säit versprécht eis de Premier a senger Ried zum État de la Nation eng Spekulatiounssteier an eng Reform vun der Grondsteier. Zwee Projeten, zu deene mer nach ëmmer keng Detailer kennen. Mir als Chamber wëllen dann d’Recht op Wunnraum souguer als Staatszil an d’Verfassung schreiwen, an dann dat heiten. Eng Firma, déi Wäertpabeieren op de Marché bréngt, an all déi Firmen, un deenen dës éischt Firma Parte besëtzt, sollen Haiser a Wunnenge besëtzen däerfen, solle mat dëse Wunnengen dierfe Profitt maachen. Dat Ganzt hei weist einfach, wéi onéierlech d’Logementskris ugaange gëtt. Op där enger Säit versprieche mer Besserung, fir op där anerer Säit dann esou Projete wéi dat heiten ze stëmmen.
Här President, ech kann Iech ganz kloer soen, datt mir Piraten dëse Projet net matstëmme wäerten. Net, well mer net de Bifdeck wëlle verteidegen. Jiddweree vun de Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger hätt gären e Stéck vun deem Bifdeck. Mee ganz einfach, well
d’Logementskris ze akut ass, fir elo nach d’Immobiliespekulatioun weider unzeheizen. Eis Positioun ass also kloer. Mee un der Regierungspositioun hunn ech, spéitstens no dësem Gesetzesprojet, nawell awer meng Zweifel. Well wamer hei am Rhythmus vun der Sprangprëssessioun beim Theema Logement Gesetzer ausschaffen, dann ass d’Logementskris nach eppes, wat eis Enkelkanner wäert beschäftegen. Dëst Gesetz ass ee grousse Schrëtt no hannen a keen no vir a fënnt dofir net eis Ënnerstëtzung.
Ech soen Iech Merci.