M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Jo,
bei deene Statistiken, déi mer presentéiert kruten an
der Kommissioun, war ech och e bëssen erschreckt,
dass dat der esou wéineg waren. Mee d’Fro stellt sech,
ob vläicht net de System dee falsche war an net onbedéngt dem Bierger säi Wëllen net do war. Mee op där
anerer Säit ass et awer och e bëssen, wéi d’Diskussioun
vum Beamten an der Kommissioun gefouert ginn ass,
dass et a sech och oft um Geld selwer hänkt. Well de
Problem vun deem heite System ass jo, dass ee mol fir
d’éischt muss dee Prêt accordéiert kréien, dee Kreditt
bezuelen an déi Zomme prefinanzéieren. An dat ass
jo ee Problem bei där ganzer Formule, och wann haut
elo kleng Ajustementer gemaach ginn, wou d’CGFP da
gesot huet, et wär awer eigentlech méi schlecht wéi de
Projet virdrun, wat dann erëm deem widdersprécht,
wat hei virdru vun de Regierungsparteie gesot ginn
ass. Dann hoffe mer mol, dass et net esou ass, dass et
net eng Verschlechterung wäert sinn.
Mee fir zréckzekommen op de Kreditt: Et ass eeben
net esou einfach, wann ee grad an Haiser wunnt, déi
am Moment energeetesch schlecht opgestallt sinn, fir
bei de Banken esou e Kreditt ze kréien. An do ass de
Problem. Ech weess net, ob Der elo esou vill méi Demandë wäert kréien, wann Der elo eng Simplificatioun
maacht. Well a sech, wann een d’Statistike jo e bësse
kuckt, et war e bëssen och de Problem, dass am Logementsministère ganz vill Dossieren houngen an der
zum Beispill 18 op eemol mat hirem Dossier opginn
hunn.
Bon, et kann een och denken, dass et e bëssen ze
laang gedauert huet. Dofir verstinn ech och elo, dass
d’Entscheedung geholl ginn ass, et net méi iwwert de
Logementsministère ze accordéieren.
Mir bleiwen awer beim Problem, dass een dee Kreditt muss kréien. Duerfir si mir Piraten éischter fir
eng aner Formule an zwar, dass déi ëffentlech Hand
géif déi energeetesch Renovatioun maachen an déi
eenzel Saachen, an dass een et dann iwwer eng Aart
Leasingsformule géif zréckbezuelen, well dann hutt
Der de Virdeel, dass Der net dee Prêt muss accordéiert kréie bei de Banken, dass Der et kënnt esou opstellen, dass och déi sozial méi Schwaach kënnen eng
energeetesch Renovatioun maachen.
Well wat ass mat dëser Formule? Mat dëser Formule
wäerten elo a sech just erëm alleguerten déi Leit déi
benotzen, déi souwisou elo schonn d’Méiglechkeeten
hätten, mee on top awer elo nach e bëssen déi Reduktioun vun hirem Taux derbäikréien, woubäi den Taux
zéro leider ewechfält, wat awer – ech hat et extra erausgedréckt – am Koalitiounsaccord explizitt stoung. Also
et stoung explizitt am Koalitiounsaccord, dass Der den
Taux gären op 0 % hätt. Bon, dat ass et eeben net ginn.
Ech mengen, déi gréng hate virdrun hei e ganz schéine
Saz gesot: „D’Regierung lieft a verschiddenen Texter
vun der Hoffnung.“ Ech mengen, hei war et warscheinlech och esou. Mee den Taux zéro hätt ee wéinstens
kënne bäibehalen an eng Simplificatioun maachen,
well d’Leit musse méi einfach un déi Kreditter kommen.
Mir stëmmen et haut mat, mee eebe mam Bauchwéi,
dass mer soen: Déi Leit, déi eng energeetesch Sanéierung brauchen, kréie souwisou d’Kreditter net, soudass herno déi Happy Few, déi dat kënne maachen …
Ok, déi kréien haut e klenge Kaddo mat den Zënsen,
mee mir missten op eng Leasingsformule goen, fir
dass et vill méi einfach ass fir all d’Stéit, un eng energeetesch Renovatioun ze kommen.
Merci.