M. Sven Clement (Piraten)
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech verspriechen Iech, ech maachen hei elo keng Suessemer Gemengepolitik. Ech wäert mech hidden, hei Appeller ze maachen, déi iwwert dat erausginn, wat mer an der
Heure d’actualité uschwätzen. Fir d’éischt wëll ech awer dem Marc Spautz Merci soen, fir dës Heure d’actualité ugefrot ze hunn, well
wann iwwer 50 % vun de Chômeuren, déi hei am Land wunnen, Laangzäitchômeure sinn, wann ee weess, wéi vill Leit am Chômage eng Formation d’ordre supérieur opzeweisen hunn, wann ee gesäit, wéi vill oppe Plazen et gëtt a wann een héiert, wéi vill Betriber anscheinend keng gutt Leit méi fannen, da weess een: Hei muss eppes geschéien! Hannert dëser Zuel vu bal 52 % stieche vill Eenzelschicksaler. Et si Jonker, déi d’Schoul ofgebrach hunn oder och d’Schoul ofgeschloss hunn an a Covidzäiten einfach manner Chancen um Aarbecht smaart hunn. Et si BPIen. Et sinn och Leit, déi Joerzéngten u Beruffserfarung hunn an déi awer manner gär vun de Patronen agestallt ginn, obwuel et duerfir net onbedéngt e Grond gëtt a se ganz heefeg gesot kréien, se wären iwwerqualifizéiert. An et sinn och Persounen, déi ënner gesondheetleche Problemer, mental wéi psychesch, physesch leiden. Leit mat engem Statut Handicap oder Capacité de travail réduite kréien nëmme ganz seelen eng Plaz um éischten Aarbechtsmaart. Mir Piraten fuerderen nach ëmmer, datt de Staat déi Patronen, déi dat offréieren, méi muss ënnerstëtzen,
déi, déi eng Persoun mat Handicap astellen; datt de Statut de travailleur handicapé muss iwwerschafft ginn; an datt d’Quoten an d’Hëllefe fir d’Patrone mussen iwwerschafft ginn. An och de Staat muss do mat guddem Beispill virgoen!
Här President,
léif Kolleeginnen a Kolleegen, beim Theema Laangzäitchômage muss een och soen, datt net jiddereen, deen eng Plaz sicht, och bei der ADEM ageschriwwen ass. Vill Jonker denken no der Schoul net onbedéngt als Éischt drun, sech bei der ADEM anzeschreiwen oder melle sech net un, well se sech soen: „Wat ass mäi Benefiss? Ech hu jo mäin Diplom an der Täsch. Ech sinn ze jonk, fir REVIS ze kréien. Wat bréngt et mer?“ An och Elteren, déi doheembliwwe sinn, fir no de Kanner ze kucken, denken net onbedéngt drun, fir sech duerno erëm bei der ADEM unzemellen. Ech kann hinne vun dëser Plaz aus just roden: Maacht et! Mellt Iech un! Gitt bei d’ADEM, fir vun deem Encadrement, deen et do gëtt, ze profitéieren! Zum Beispill, wann ee Froen huet als Jonken, wéi ee soll am beschte säi CV opsetzen, oder och als manner Jonken, wann ee Froen a puncto Aarbechtsverträg a Weiderbildungen huet: Profitéiert vun deenen Offeren, déi et gëtt, och wa se mir net ëmmer wäit genuch ginn! Op dëser Plaz muss ech nämlech och soen, datt d’ADEM, esou gutt verschidde Conseilleren a Placeuren och schaffen, dach eng déck Schëpp muss bäileeën. Mir wollten als Piraten de leschte Mount e Jonken an enger Mesure astellen. E puer Deeg iert de Jong sollt bei eis ufänken, et war u sech alles an der Rei, koum dunn e Bréif, datt hien e Rendez-vous verpasst hätt. Eis Mataarbechterinnen a Mataarbechter hunn du probéiert erauszefannen, wat do derhannert géif stiechen. Hie seet, en hätt kee Bréif kritt. D’ADEM seet, se hätt e Bréif fortgeschéckt. Bref, dofir gëtt et Prozeduren. Ech hunn och kee Problem domadder, datt et déi Prozedure gëtt. Ech hunn awer e Problem domadder, wéi laang déi Prozeduren daueren. Well, wéi en du säi Recours agereecht huet, du krut en e Bréif zréck, datt et wéinst ville Recoursen – an dat weist jo, datt et och e strukturelle Problem gëtt – am Moment zwëschen zwee an dräi – net Wochen – Méint géif daueren, bis eng Decisioun géif falen. An da kéint et nach eng Kéier bis zu engem Mount zousätzlech daueren, bis d’Sekretariat d’Entscheedung géif matdeelen. Dat heescht, hei gëtt et Leit, déi potenziell – zu Onrecht! – hir Indemnité de chômage gestoppt kréien, déi eventuell – zu Onrecht! – net eligibel si fir eng Moossnam, déi kënne bis zu véier Méint um Dréchne sëtzen. Esou Delaie sinn an eisen Aen absolutt
inakzeptabel. Et kann net sinn, datt ee véier Méint muss waarden op eng Decisioun an esou engem Recours, ganz dovun ofgesinn, datt déi Leit, déi esou e Recours kéinten aleeën, oft net wëssen, wéi dat geet an Hëllef beim Opsetze vum Bréif brauchen. Hei mussen also dréngend Verbesserungen hier. D’Commission spéciale muss sech méi wéi ee- bis zweemol de Mount gesinn oder d’Unzuel u Membere muss an d’Luucht goen!
Här President,
léif Kolleeginnen a Kolleegen, e Liewen ouni Aarbecht ass e ganz schwieregt Liewen. An duerfir musse mer alles drusetzen, fir Leit, déi
Laangzäitchômeur sinn, um Aarbechtsmaart ze integréieren. Ouni Aarbecht ass een oft manner gutt sozial integréiert, well ee kee gereegelten Alldag huet a virun allem keng Aarbechtskolleege gesäit, an et feelt hannen a vir u Suen. De System, dee mer am Moment hunn, ass bei Wäitem net perfekt an et ass nach vill Verbesserungspotenzial do. Mir kënnen als Staat e Virreiderrôle iwwerhuelen. Mir kënnen als Staat derfir suergen, datt dat, wat mer vun de Privatpatrone verlaangen, och bei eis ëmgesat gëtt, datt mir eeben och als Staat Laangzäitchômeuren eng Chance bidden.
Här President, Ech si méi séier wéi sechs Minutten -, ech hoffen, datt dës Debatt genotzt gëtt, fir datt mer déi wichteg a richteg Schrëtt huelen.
Ech soen Iech Merci.