M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Vun deene villen aus dem Norden, elo dann op ee
vun deenen déifste Punkten am Süden.
(Hilarité)
Wéi ech dem Minister schonn an der Kommissioun
ugedeit hat, ass jo nach eng Diskussioun, déi mer
awer bei deem ganze Projet musse féieren. Dat ass
déi mat de private Parkplazen. Well sief et virun
engem Supermarché oder soss enzwousch, wou
d’Diskussioun jo war, dass déi zwar agezeechent sinn,
awer deementspriechend dee Moment näischt bréngen, well keng Handlungsméiglechkeet do ass. Dass
een do an der Zukunft awer eng Kéier kuckt, fir eiser
Police do eng Handlungsméiglechkeet ze ginn. Well
et ka jo net sinn, dass herno an de Supermarchéen
déi Parkplaze gezeechent sinn, een och nach déi
Kaart huet an awer een drop steet an een deementspriechend näischt maache kann. Dass mer do awer
nach eng Kéier och mam Policeminister an der Justiz
ministesch dru ginn fir ze kucken, dee Problem aus
der Welt ze kréien.
Dem Carlo e grousse Merci. Also Carlo, ech war jo och
mat Dir an der Europol. Dat war op der Rees e bësse
méi lëschteg wéi d’Mobilitéitskommissioun. Dir ee
grousse Merci. Virun allem waars de ëmmer ganz fair
an oppen, och géintiwwer der Oppositioun an denger
Kommissioun, wat wierklech ervirzehiewen ass.
Ech mengen, déi nächst wäert elo eng Presidentin
ginn. Ech hunn och do schonn direkt eng éischt Ufro
un d’Presidentin, awer och un de Minister. Ech mengen, Dir wësst allen zwee, Dir sidd an der Kommissioun allkéiers derbäi, mir dréien elo scho bal zwee
Joer, dass mer de Findel mat all de Projeten sollte
kucke goen. An ech weess, dass de Carlo do onbedéngt wollt mat kucke goen, wéi dee Chantier elo virugeet. Ob et dann och méiglech wär, och wann de
Carlo elo a senger wuel verdéngter Pensioun ass an
d’Kommissioun dann elo endlech de Findel an déi nei
Projeten, wou mer virdrun hei beschwat hunn, kucke
geet, de Carlo awer nach eng Kéier matzehuelen. Ech
mengen, dat géif him och ganz gutt gefalen.
Dem Carlo e grousse Merci. An da vill Spaass an der
Pensioun.