M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mam Projet de loi gëtt
den „Établissement public de radiodiffusion socioculturelle“ dann elo offiziell zum „Média de service
public 100,7“. Esou kritt den 100,7, oder de „Geheimradio“, wéi e sech da selwer scho mol genannt huet, e
gesetzleche Kader, deen d’Kontinuitéit vun der Institutioun assuréiert, seng Missioune preziséiert a seng
Gouvernance a säi Finanzement emol méi oder manner kloer festhält.
Mir Piraten stëmmen haut fir dëse Projet. Mee mir
mussen och kloer soen, datt eis e puer Punkten net
esou gutt gefalen a mir fannen, datt een hei hätt solle
méi wäit goen. D’Lëtzebuerger Medielandschaft gëtt
scho säit Längerem vun engem groussen an e puer
weideren – et misst ee soe „wéinege weideren“ – Acteuren dominéiert. Dat ass evident.
Stellen d’Printmedie gläichzäiteg nach ëmmer eng
wichteg Informatiounsquell duer, sou ass de Constat vun hirem Réckgang net ze verneinen an alldeeglech
ze gesinn. Grouss international Haiser kafe klenger
op an och ëmmer méi Printmedie stellen hir Pabeiereditioun an a setzen elo verstäerkt op d’Onlinekommunikatioun. Dat alles sinn Unzeeche fir eng sech mat der Zäit verännerend Medielandschaft.
Mat all dëse Phenomeener beschäftege sech dann
och d’Reporters sans frontières, RSF, déi hire järleche
Rapport verëffentlechen, deen op d’Verännerungen
an der Mediewelt ageet a weltwäit d’Pressefräiheet
op de Leescht hëlt. 2013 louch Lëtzebuerg hei op
enger exzellenter véierter Plaz. Mëttlerweil si mer
awer op eng net méi ganz esou exzellent 21. Plaz
erofgerutscht, woubäi mer eis als „gutt“ beschriwwe
Situatioun fir e „satisfaisant“ hu missen ofginn.
Leider schéngt dës Verschlechterung eis Regierung
awer nach wéineg beweegt ze hunn. Op eng parlamentaresch Fro zu dësem Theema hat de Minister
nämlech erkläert, datt hien net wéisst, wéi dëse
Ranking zesummekënnt, obwuel een direkt um Site
vun RSF eng de wëssenschaftleche Standarden entspriechend Methodologie fënnt. Entweeder gouf also
hei wéineg Zäit an den Dossier investéiert oder mir
schwätzen erëm iwwer wëssenschaftlech Methodologien. Bref!
Beklot gi vun RSF wéi och vun der ALJP déi lues traitéiert
Informatiounsufroen tëscht der Press an der Regierung,
wourun och déi rezent beschloss Ännerungen – „Circulaire Bettel 2“ muss een da mëttlerweil wuel soen – net
onbedéngt vill verbessere wäerten.
D’Piraten hunn do eng ganz kloer Positioun, an zwar,
datt Journalistinnen a Journalisten e vollstännegen
an och transparenten Informatiounszougang muss
gewäert ginn. Mir haten d’Diskussioun virdru schonn.
D’Journalisten hunn, mengen ech, do heiansdo deen
nämmlechte Problem wéi d’Deputéiert.
Zousätzlech muss och d’Onofhängegkeet vun de Medien assuréiert ginn. An och hei gesi mer nach Potenzial fir Verbesserungen. An der Äntwert op déi schonns
ugeschwat Question parlementaire hat de Minister am
Kontext vum 100,7 heizou geschriwwen, ech zitéieren:
„D’Reform vum Radio 100,7 mam neien Artikel iwwert
d’Onofhängegkeet am Projet de loi stäerkt d’Pressefräiheet zousätzlech.“ Zitat Enn. Mee wéi eng Onofhängegkeet ass da genau gemengt?
An zwee Avisen, an deem vun der EBU an an deem
vun der ALIA, gëtt spezifesch e Mangel un Onofhängegkeet duerch den Artikel 8 kritiséiert. Well hei
heescht et nämlech: „Le conseil d’administration […]
approuve l’orientation générale des programmes et
la grille des programmes sur proposition du directeur général.“ Mat esou enger Dispositioun gëtt een
dem Conseil d’administration e grousse Pouvoir am
Daily Business vum 100,7. An esou muss ee sech dach
awer d’Fro stellen: Vu wat fir enger Onofhängegkeet
schwätze mer hei nach wierklech?
D’ALIA wéi och d’EBU betounen hei, datt den CA sech
op d’Orientation stratégique limitéiere sollt a sech
net duerch d’Approbatioun vun der Grille des programmes an d’Activité journalière vum 100,7 amësche sollt. Dat war iwwregens och d’Diskussioun an
der Kommissioun an ech mengen, datt d’Oppositioun
dat opgeworf huet an och nach eng Kéier op d’Avise
vun der EBU an och vun der ALIA verwisen huet. Béid
Organisme soen nämlech och, datt dat misst de Rôle
vun der Direktioun oder vum Chefredakter sinn, mee
net vum CA, well just esou eng tatsächlech Onofhängegkeet och kéint garantéiert ginn.
Bei „Chamber aktuell“ huet den honorabelen Deputéierte Guy Arendt zwar probéiert kloerzestellen,
datt hei eng kloer Trennung géif gemaach ginn, datt
een, falls dann awer e Konflikt géif opkommen, dat jo
ënner, ech zitéieren e wuertwiertlech: „verstännege
Leit“, Zitat Enn, ausdiskutéiere kéint. Mee eng propper
Gesetzesbasis wär hei awer vläicht de bessere Choix
gewiescht, wéi drop ze bauen, datt et am Fall vu Konflikter nach verstänneg Leit gëtt. Anescht bräicht ee jo
an Zukunft guer keng Gesetzer méi ze stëmmen an et
misst ee just nach drop hoffen, datt mer jo alles ënner verstännege Leit ausdiskutéiere kënnen. Dat kann
dach net d’Approche vun der Legislativ sinn!
Mir hätten eis fir den 100,7 also definitiv eng méi
kloer an ambitionéiert Gesetzesbasis gewënscht. Mee
trotz de Problemer, déi mer am aktuellen Text nach
gesinn, wäerte mer dëse Projet haut matstëmmen,
well mer de fir eng pluralistesch Medielandschaft
wichtegen Aktivitéite vum 100,7 och net am Wee stoe
wëllen. Mir brauchen eng gesetzlech Basis a wann
dat heiten deen eenzege Konsens ass, dann droe mir
deen och mat, an der Hoffnung, datt e vläicht an Zukunft nach besser gëtt.
An da just e lescht Wuert vläicht zum Theema, datt
den 100,7 tendenziéis géif berichten, d’„woxx“, als
e méi klengt Blat, huet 2019 an 2020 eng Auswäertung vun den Invitéë vum Dag beim 100,7 gemaach.
A wann et eng Tendenz gëtt, déi vläicht tatsächlech
noweisbar ass, dann ass et déi, datt nach ëmmer ze
wéineg Fraen invitéiert ginn.
Une voix | Très bien!
M. Sven Clement (Piraten) | 2019 waren et knapps
20 % an 2020 waren et knapps 30 %, eng schéi Progressioun, mee sécherlech nach net do, wou se missten hikommen. An dat ass vläicht déi Tendenz, un där
den 100,7 nach ze schaffen huet.
Ech soen Iech Merci.