7716 – Projet de loi portant création et organisation de l’Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire et portant modification :1° de la loi modifiée du 21 novembre 1980 portant organisation de la Direction de la santé ;2° de la loi modifiée du 19 mai 1983 portant réglementation de la fabrication et du commerce des aliments des animaux ;3° de la loi du 28 juillet 2018 instaurant un système de contrôle et de sanctions relatif aux denrées alimentaires

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
D’Liewensmëttelsécherheet ass zimmlech wichteg.
Bon, et ass elo kee Geheimnis: Och ech konsuméiere gären déi Liewensmëttel. Mee et ass immens
wichteg, dass d’Leit op gutt Liewensmëttel kënnen
zréckgräifen, déi virun allem och gutt kontrolléiert
sinn. Heiansdo huet een de Phenomeen, dass een
zwar higeet an den deiersten Ueleg géif kafe fir a
säin Auto, deen dausendmol kontrolléiert ass, mee
awer niewendrun an den Discounter geet fir iergendee Stéck Fleesch, wou keng Kontrolle sinn. Dofir ass
d’Liewensmëttelsécherheet immens wichteg.
Wou ech awer haut wollt d’Prioritéit drop setzen,
dat ass den Déiereschutz, well dat ass nämlech och
e ganz wichtege Projet an dësem Gesetz mat der
Veterinärsinspektioun. Bon, et ass bekannt, dass
d’Déiereschutzgesetz, wéi et am Moment do ass, fir
mech nach ëmmer schlecht ass an net wäit genuch
geet an d’Rechter vum Déier net wäit genuch encadréiert an dass do e vill bessert misst kommen. Mee
op d’mannst kréie se elo d’Méiglechkeet, ganz koordinéiert Kontrollen ze maachen, wat den Déiereschutz
ubelaangt, zumindest am Kader vun deem aktuelle
Gesetz, wat – soe mer mol – besser ass wéi näischt,
mee awer bei Wäitem net duergeet.
Well hëlt een zum Beispill d’Schluechthaiser hei am
Land, do feelt et dann och nach u Kontrollen. Do
sinn da Kontrollen, wou zwar de Veterinär ëmmer
do ass … Ech hat do eng parlamentaresch Fro, virun
zwee, dräi Joer war dat, wéi ganz skandaléis Videoe
jo zirkuléiert si vun Déieren, déi nach hallef lieweg
do auserneegeschnidde gi sinn. Do sinn dann zwar
sporadesch Kontrollen, wann dann ee vun der Veterinärsinspektioun kucke geet, mee natierlech geet
dat eis Piraten guer net duer.
Do misst eigentlech fir all eenzel Déieren nogekuckt
ginn, ob déi richteg behandelt ginn, a virun allem
hannerfrot ginn, wéi déi Schluechthaiser iwwerhaapt
fonctionéieren. Dat ass nämlech nach e ganz anert
Theema, wat zwar net zu dësem Gesetz passt, mee
d’Schluechthaiser a sech missten och nach eng Kéier
hannerfrot ginn, och mat den Aarbechtskonditiounen.
Et si ganz vill Baueren hei am Land, déi d’Déierewuel
ganz seriö huelen. Dat mierken ech ëmmer erëm,
wann ech bei de Baueren op Besuch sinn, fir mer dat
ukucken ze goen. Et sinn awer och leider schwaarz
Schof, déi derbäi sinn, déi hir Kéi nach ëmmer einfach
un den enkste Ketten an ouni Waasser, ouni iergendeppes do leien hunn an deenen d’Béischten dann
deementspriechend ganz egal sinn.
An do ass et ganz wichteg – ech hat do och rezent
nach eng Question parlamentaire derzou –, dass
déi nei Verwaltung vill méi oft dohinnergeet, vill méi
oft kontrolléiert an och ganz genau weess … An ech
mengen, ech si jo och am Kontakt mat deene Leit, déi
kontrolléiere ginn, déi wësse jo och e bëssen, wou hir
Clientë sinn. A wat een eigentlech dann oft vun hinnen ze héiere kritt, ass: „Jo, mir géife jo nach gäre méi
kontrolléieren“, wat am Moment am Gesetz méiglech
ass, „mee mir hunn eeben net esou vill Beamten an
der Inspektioun.“ Dat ass ee vun de Problemer, dass
zwar de Konsum an d’Luucht geet am Land, dass vill
méi Déiere geschluecht ginn, vill méi Déiere gehale
ginn – an alle Perspektiven, well dat geet jo vu kleng
bis grouss –, an awer d’Personal net nokënnt.
Dofir ass meng Fro un de Minister, wann elo jo
schonn déi nei Administratioun do ass, ob dann och
d’Personal wäert massiv opgestockt ginn. Well et ass
jo dat selwecht bei den Déierentransporter. Mir hate
jo och do eng speziell Kommissioun derzou, wou mer
jo och erausfonnt hunn, laut Thilly Metz, dass och zu
Lëtzebuerg net alles esou gutt leeft, wéi et sollt lafen,
an dass och do nach villes muss nogebessert ginn.
Ech mengen, Dir kennt alleguerten deen EU-Dossier. An dat heiten ass jo och eigentlech deen éischte
Schrëtt, dee mer kéinte maachen, fir dass zu Lëtzebuerg méi Kontrolle sinn. Well zu Lëtzebuerg ass jo
och erauskomm am EU-Dossier, dass d’Kontrollen net
wierklech stattfonnt hunn a se ganz minimal waren,
obwuel Lëtzebuerg duerch de bëllegen Diesel en
Transitland ass, wou immens vill Déierentransporter
duerchfueren.
Mir ass och bewosst, dass dat eng ganz kleng Zäit-fënster ass, wa se hei fueren, mee wa Lëtzebuerg géif
konsequent kontrolléieren, hätte mir op d’mannst
emol do alleguerten déi Déieren, déi a ganz, ganz
schlechte Konditiounen transportéiert ginn … Bon,
meng Meenung ass souwisou, et soll een d’Déieren
net wäit transportéieren. 20, 30 Kilometer bis an
d’nächst Schluechthaus, dat géif duergoen. Mee op
d’mannst déi, déi awer hei duerchfueren, déi misste
vill méi kontrolléiert ginn.
Dofir ass et wichteg, dass an dëser Administratioun
d’Déiererechter vill méi kontrolléiert a vill méi respektéiert ginn. An ech weess, dass een dofir och méi
Budget a méi Personal brauch. Mee fir eis Piraten ass
et ganz kloer, dass, wa mir d’Déieren halen, fir dass
se herno op eisem Teller an duerno am Bauch landen,
da musse mer awer och alles maachen, dass hinnen
déi Zäit virdru sou angeneem an agreabel wéi méiglech ass an dass och dee Moment, wou se dann eebe
geschluecht ginn, ënner enger ganz strenger Kontroll
stattfënnt, dass do keng eng Schinn ass, wou een
nach kann Abus dreiwen. Well et ass wierklech do,
wou d’Déieren herno immens vill leiden: vum Transport bis zur Schluechtung.
An do setzen ech elo mäi Vertrauen an de Minister,
dass an deenen nächste Joren hei an der Verwaltung nach eng Kéier e Gang bäigeluecht gëtt an dass och
d’Personal opgestockt gëtt, fir dass se eeben – wat
ech ëmmer als Feedback vum Terrain kréien – méi
Méiglechkeete kritt, méi Stonne kritt, fir déi Kontrollen ze maachen. Dat gehéiert och zur Liewensmëttelsécherheet, well bekanntlech kann een e gutt
Liewensmëttel just hierstellen, wann de Bauer och fir
e gutt Liewe vum Béischt gesuergt huet.
Merci.
M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

D’Office Sociaux’en hei am Land leeschten ee wichtegen Déngscht, fir deene Leit, déi et hei am Land finanziell net iwwert Ronne packen, ënnert d’Äerm
An mindestens engem Foyer fir Leit déi op Lëtzebuerg geflücht sinn elo am Wanter Zoustänn, déi esou fir Kanner an och Erwuessener net gutt
Lëtzebuerg fir d’Zukunft stäerken. Dat geet nëmmen, wa Lëtzebuerg energiepolitesch esou onofhängeg wéi méiglech ass. Dofir muss virun allem de Staat mam gudde Beispill