7701 – Projet de loi relative aux déchets d’équipements électriques et électroniques

M. Sven Clement (Piraten) | Jo, merci, Här President. Ech liesen zwee Invitten, déi soen „à interdire“.
Dat stéisst mer schonn e bësse sauer op, well einfach
mol ze verbidden, ouni eng Alternativ ze proposéieren, ass e bësse kuerz gegraff. An da kënnt awer en
zweete Punkt. Dat doten ass jo net nëmmen am ëffentleche Raum dobaussen. Dat do kann och an dem ëffentleche Raum dobanne sinn. Et ginn notamment d’Garen an de Flughafen. Mir hunn nëmmen ee Flughafen zu Lëtzebuerg gemellt.
An da muss ee sech awer d’Fro stellen, wat mat deem
zweeten Invite soll gemengt ginn. Soll elo um Flughafe
verbuede ginn, Werbung ze maache fir e Vol? Well mir
sinn eis alleguerten eens, dass d’Fléien net onbedéngt
dat Klimafrëndlechst ass, a gläichzäiteg soll dann um
Flughafen – genau do, wou vläicht awer eng Airline
wéilt hir Destinatioune promouvéieren – verbuede
ginn, datt se nach soll hir Offer kënne promouvéieren.
Ech fannen dat awer e bësse ridicule, muss ech soen.
An ech hätt nach iergendwéi dermat liewe kënnen, wa
mer gesot hätten: am ëffentleche Raum dobaussen.
Mee spéitstens op de Garen an op dem Flughafen ass
et en plus Propriété privée, déi just ëffentlech zougänglech ass. An do eppes ze verbidden, fannen ech,
dat géif awer eisem Parlament net direkt zoustoen,
virun allem, well ech d’Ziler hei zwar ënnerstëtzen,
awer net verstinn, wéi se sollen erreecht ginn.

M. Sven Clement (Piraten) | Dat heescht, Dir gitt selwer zou, dass se superfetatoire ass. Très bien!

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen