M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Merci un d’Tess Burton fir dee gudde schrëftlechen
a mëndleche Rapport. An natierlech eng gutt Besserung fir de Minister.
Prinzipiell sti mir Piraten engem staatleche Label ganz
positiv géigeniwwer. De Client soll an aller Transparenz
wëssen, wat de Produit mat senger Gesondheet a mat
eiser Ëmwelt mécht. Esou stelle mir eis e modernen a
faire Label vir.
Fir positiv unzefänken: Mir sinn dann och eigentlech
frou doriwwer, dass am Label extra eng Kategorie
Déierewuel matabegraff ass. Enger Etüd vum Eurobarometer no ass e Groussdeel vun de Konsumente sech bewosst, dass hiert Kafverhalen en Afloss op den Déiereschutz huet. Dofir ass et esou wichteg, d’Leit am Supermarché doriwwer informéiert ginn,
wéi eng Produite sech fir d’Wuel vum Déier asetzen
a wéi eng net. Allerdéngs muss een awer och soen,
dass hei am Gesetzestext d’Krittäre vum Déiereschutz
net kloer gereegelt ginn, woumat mir Piraten net zefridde kënne sinn.
D’ULC, d’Jongbaueren an de Mouvéco kritiséieren de
Krittär vun der Regionalitéit. Nom Gesetz gëllt alles
als regional, wat 250 km ronderëm de Firmesëtz läit.
Allerdéngs geet dat an eisen Aen ze wäit, wann eng
Firma, déi zu Frankfurt Produiten importéiert, dës
Produiten hei zu Lëtzebuerg als regional wäert vermaarte kënnen. Déi Limitt vun 250 km hate mir Piraten eis anescht virgestallt, an zwar mat enger Limitt
um Territorium vun der Groussregioun.
Dat nämmlecht hätte mir och beim Déiereschutz
agebaut, fir eis kënnen nach méi ëm d’Déierewuel ze
këmmeren, an zwar bei den Déierentransporter eng
Limitt vu 50 km.
D’Jongbauere schreiwen och, dass de Label net verhënnert, dass mer déi Firmen ënnerstëtzen, déi am
Ausland Küke schredderen, obwuel dat eng Praxis
ass, déi hei zu Lëtzebuerg verbueden ass. Falls esou
eng Firma en nationale Label sollt kréien, fanne mir
Piraten dat einfach eekeleg. Dat ass och ee vun de
Grënn, firwat mir dëse Projet bei all guddem Wëllen
haut net wäerte matstëmmen.
An ech mengen, Dir hutt virdrun nach eng Kéier vun
der Landjugend, de Jongbaueren an dem Mouvéco déi
aktuell Positioun kritt. A si hunn et eigentlech ganz gutt
zesummegefaasst: „statt einer bewussten Förderung
einer qualitativ hochwertigen regionalen Lebensmittelproduktion eine Mogelpackung!“ Bon, domat hu se
Recht. An hir Analys ass genau zoutreffend dat, wat
een och aus deenen aneren Avise konnt liesen: Eng
gutt Iddi derhannert, mee d’Ëmsetzung vun dësem Gesetz ass einfach mangelhaft!
Eng Kritik, déi och opgeworf gouf, ass, dass de Client
am Geschäft bei deene ville Labelen, déi et gëtt, oft net
den Iwwerbléck an den Duerchbléck huet. An deem
Sënn gesi mir et als richteg, dass op all Etikett och e
QR-Code wäert agebaut ginn, wou de Konsument méi
detailléiert Informatioune kann zum Produit kucke
goen. Wichteg dobäi ass, dass een dofir net eng extra
App brauch, mee dass déi Informatioune fräi ofruffbar
sinn ouni eng bestëmmten Hardware oder Software.
Mee mam QR-Code eleng geet et net duer. D’Fro muss
sinn, wou de Méiwäert vum neie Label ass, wann e
Client dëse mam Faitrade-Logo oder mam EU-Bio-Logo
vergläicht.
Och den Nohaltegkeetsrot huet dës Fro a sengem Avis
opgeworf. Si hunn eng Propos ausgeschafft, wéi een
d’Krittären direkt an de Logo kéint abauen.
Mir Piraten fannen dës Iddi vum Nohaltegkeetsrot
flott, well op den éischte Bléck ze gesinn ass, wéi e Produkt ofschneit. Den Nohaltegkeetsrot recommandéiert
och, dass een d’Kategorië besser opdeelt, dat heescht
d’Déierewuel, d’Equité an d’Ëmwelt eenzel amplaz als
zesummegeluechte Kategorien. E Fairtrade-Produkt
hätt an deem Sënn direkt op der Etikett déi wuel héchste Punktzuel.
Och wann d’Gesetz net esou wäit geet, hoffe mer
trotzdeem, dass mer de Wee iergendwann fannen,
fir de Logo esou auszebauen, dass en och wäert Sënn
maachen. Et géif dem Konsument hëllefen, well en
esou d’Labelen, déi op der Verpackung stinn, besser
entschlëssele kann.
Mir Piraten wäerten haut géint dëse Projet stëmmen.
Et wier an eisen Ae besser gewiescht, déi vill Kritikpunkten, déi an deene verschiddenen Avisen opgegraff goufen, nach hei anzebauen. Da wier de Label och säin Numm wäert. An dat ass mat dësem Projet
leider net de Fall.
Merci.
- September 21, 2023
- 5:26 pm
- Programm 2023, Uncategorized @lb-lu
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.