M. Sven Clement (Piraten)
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, also de Stagiaire vun déi Lénk, dee géif ech direkt astellen, wann en dat fäerdegbréngt.
(Hilarité)
Une voix: Mir och!
M. Sven Clement (Piraten) Well ech verweise just eng Kéier drop, datt déi Firma, déi en änleche Produit wéi Teams offréiert – dat ass Slack -, eng amerikanesch Startup gewiescht ass. Mëttlerweil kann ee se net méi Startup nennen. Se huet ëmmerhin eng IPO (ndlr: Initial Public Offering) gemaach; déi ass – Cours gëschter Owend op der New Yorker Bourse – 25,82 Milliarden Dollar wäert, an dat ass just de Volet vum Chatten, vun der Kommunikatioun. Da schwätze mer nach net vun der Dokumentebeaarbechtung a vum Echange vun deenen Donnéeën. Deementspriechend huet e vläicht besser, e mécht nach deen een oder deen anere Stage méi laangir ze gesinn, datt de „minimum viable product“ vläicht net ëmmer de finale Produit ass, deen ee ka benotzen.
Une voix. Oder nach e Stage anzwousch anescht.
(Hilarité)
M. Sven Clement (Piraten) Dat gesot Vläicht och nach e Stage anzwousch anescht, vläicht bei esou enger Firma, déi dat offréiert. Ech muss einfach soen, et ass natierlech einfach gesot: „Et gëtt keng Alternativ.“ Dat ass eppes, wat ech och schonn e puermol kritiséiert hunn. An ech wäert och nach kuerz op Open Source ze schwätze kommen, wat awer e Sujet ass, dee mer ganz um Häerz läit.
Mee ganz kuerz eng Kéier zur Digitaliséierung an der Schoul: Se mécht net Halt virun der Schoul an d’Digitaliséierung ass aus eisem Liewen net méi ewechzedenken. A grad duerch eng Pandemie hu mer gemierkt, wéi wichteg et ass, séier kënnen dohinner ze basculéieren. Zur Digitaliséierung gehéieren awer och Mediendidaktik a Medienerzéiung, a genau dës ginn ëmmer méi wichteg. Säit Kuerzem gouf jo och – an dat gouf schonn ugeschwat – de Coding als transversaalt Schoulfach opgeholl. Dat konfrontéiert d’Léierpersonal mat neien Inhalter an Erausfuerderungen. Mir ënnerstëtzen duerfir dëse Projet mam Zil, dem Enseignant gutt forméiert Uspriechpartner an och Aarbechtskolleegen zur Säit ze stellen, absolutt, well ouni dat geet et net! Mir freeën eis och, datt am Secondaire elo digital Outilen, zum Beispill Computeren, Laptoppen oder Tablets, iwwert de CGIE finanzéiert an och ënnerhale solle ginn, bedaueren awer, datt esou eng Léisung net och fir de Fondamental konnt fonnt ginn. Wat nämlech d’technologescht Material an de Primärschoulen ugeet, gëtt et nach ëmmer ganz grouss Ënnerscheeder tëscht de Gemengen – Autonomie communale oblige -, déi aktuell ëmmer nach eleng zoustänneg sinn: Wärend déi eng Schoule schonn an all Sall Laptoppen hunn, eng digital Tafel
stoen oder hänken hunn, hunn aner Gebaier ëmmer nach nëmmen e Computersall, deen all d’Klasse sech deele mussen. Esou gesäit Chancëgläichheet net aus, léif Kolleeginnen a Kolleegen. An Zäiten, an deenen digital Outile lues a lues zum feste Bestanddeel vum
Schoulalldag ginn an de Ministère och ganz konkreet Applikatiounen a Programmer op de Schoulprogramm setze kann, si mer der Meenung, datt de Ministère och hei misst fir eng Chancëgläichheet
suergen. Aktuell besteet fir d’Gemengen nämlech och ëmmer de Risiko, datt si hir Schoulen, wa se dann d’Suen dofir hunn an an d’Hand huelen, mat bestëmmte Geräter ekipéieren an dann awer mierken, datt de Ministère de Programm geännert huet an hir Apparater net méi passen, esou zum Beispill, well Android-baséiert Applikatioune sollen zum Asaz kommen, obwuel d’Schoul elo grad eréischt Apple-Produite kaf huet oder well ëmgedréint mat enger Software am Enseignement geschafft soll ginn, déi just op Mac leeft, wärend d’Schoul awer just Windows-PCen huet. A schwätze mer elo net dovunner, datt iergendeng Gemeng géif op d’Iddi kommen, Linux an Open Source zum Asaz ze bréngen, well da ka se net emol domadder op de MyGuichet goen! Fir esou Problemer ze vermeiden an eng Gläichheet tëscht de Gemengen ze erreechen, wär et gutt gewiescht, d’Aufgabefeld vum CGIE och op d’Primärschoulen auszeweiden, oder, falls dat aus verschiddene Grënn onméiglech ass, eng eege responsabel Ariichtung fir de Fondamental anzesetzen. Dat muss net esou wäit goen, datt de Staat et och bezilt, mee zumindest eng zentral Beschafung, déi kohärent mam Schoulprogramm ass an déi eng gewësse Garantie géif ginn, hätt eis hei awer wënschenswäert erschéngt. Idealerweis – an do kommen ech op den Open Source -, géife mir Piraten eis awer och wënschen, datt um Ministère technologieagnostesch Programmer an Applikatiounen an eebe grad och OpenSource-Léisunge géife favoriséiert ginn, fir esou Kompatibilitéitsproblemer vu vireran auszeschléissen a Jonken d’Méiglechkeet ze ginn, d’Software, mat deene se schaffen, ganz verstoen ze kënnen, wa se dat wëllen, well och dat ka Jonker fir d’Programméiere begeeschteren. Et ass eebe méi interessant, wann ee Createur an net nëmme Konsument ass! An den Avantage ass, datt déi meescht Open-Source-Software och d’ailleurs selwer kann hebergéiert ginn an domadder méi dateschutzkonform kann agesat ginn. Ech ginn elo net op déi jett Question-parlementairen an, déi ech scho gestallt hunn zum Theema dateschutzkonformen Asaz vun Office 365 an där ganzer Cloud-Emgéigend am Enseignement. Dat géif de Kader vun dëser Diskussioun sprengen. An ech begréissen et duerfir an deem Kader dann ausdrécklech, datt de CGIE, nieft der Microsoft-Cloud, mëttlerweil och eng nächst Cloud-Instanz fir den
Echange vun Dokumenter zur Verfügung stellt: Eppes, wat Open Source ass a wat vum CGIE selwer hebergéiert gëtt, also méi dateschutzkonform kann ëmgesat gi wéi d’Cloud vu Microsoft. Dat gesot, sinn ech mer bewosst, datt een dat eeben net an engem Dag ëmsetzt, datt een net e Knäppchen ëmleet an direkt eng nei Cloud Plattform zu Lëtzebuerg lafen huet. Dat ass e Prozess, dee braucht Zäit, dee braucht politesche Wëllen an dee braucht virun allem dann och déi Leit, déi et exekutéieren. A fir datt mer déi iwwerhaapt iergendwann eng Kéier hei zu Lëtzebuerg hunn, musse mer d’Digitaliséierung an de Schoulen no vir dreiwen, an dat geet nun emol net komplett ouni Ecran. Duerfir gi mir eisen Accord zu dësem Projet.
Ech soen Iech Merci.