M. Sven Clement (Piraten)
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, och mir Piraten wäerten dëse Projet, deen d’Integratioun vun neie Sektiounen am ECG virgesäit, matstëmmen. Ech hat am Ufank vun der Legislatur net geduecht, datt ech eemol erliewen dierft, datt grad e liberalen Educatiounsminister eppes verstaatleche géif. Ze grouss war dach d’Kritik an der Vergaangenheet ëmmer, e géif alles privatiséieren! An elo stinn ech hei an ech kann de Feu vert ginn, fir eng Schoul ze verstaatlechen. Heiansdo spillt d’Liewen dann awer komesch Spillercher mat eis. Dat erkläert dann och vläicht, firwat mindestens ee Kolleeg heibannen den Ënnerscheed zwëschent der Verstaatlechung an der Privatiséierung net verstanen huet. Et ass wichteg, de Schülerinnen a Schüler aus dem Lycée Grandjean eng Méiglechkeet ze ginn, hire schoulesche Parcours fäerdeg ze maachen. A mir freeën eis och, datt d’Personal aus dem ale Lycée
am ECG wäert iwwerholl ginn. Den ECG bitt elo schonns ganz villfälteg Formatiounen un an elo wäerten eeben nach e puer nei Sektiounen an Diplomer derbäikommen. Dorënner och eng Formatioun, déi zu engem auslänneschen Diplom féiert. Generell ass et ze begréissen, wa Schülerinnen a Schüler verschiddenst Formatiounen ugebuede kréien, fir jidderengem eng Ausbildung ubidden ze kënnen, déi bei seng Interessen a bei seng Kompetenze passt. Trotzdeem muss d’Politik awer ochoppassen, de Jonken net duerch eng fréizäiteg Spezialiséierung schonn ze fréi d’Méiglechkeeten ze huelen, wat eng eventuell Ëmorientéierung als jonken Erwuessenen nach eng Kéier ugeet. Lëtzebuerg bitt schonn um Niveau vum Secondaire ganz vill Spezialiséierungen un, wat am Ausland esou net ëmmer de Fall ass. Dat kann nämlech dann
derzou féieren, datt eis Schülerinnen a Schüler, wase an deem Beräich, an deem se sech spezialiséiert hunn, e Studium uginn, am éischte Joer séier mierken, datt si a puncto Grondwësse par rapport zu hire Matschülerinnen a -schüler aus anere Länner oder vun anere Sektiounen eng exzellent Basis hunn. Ech selwer erënnere mech drun, wéi meng däitsch.
Kolleeginnen a Kolleegen op der Uni an der Mathe für BWLer geschweesst hunn, well se grondleeënd Konzepter nach net gesinn haten, déi hei zu Lëtzebuerg awer op enger ganzer Rëtsch Sektiounen am Lycée enseignéiert goufen. Do war de Problem
dann éischter deen, fir vum franséischen Term op déi däitsch Terminologie ze kommen. Ech erënnere mech nach ëmmer, wéi ech déi éischt Stonn do souz an de Proff vun „Ableitunge“ geschwat huet
an ech hunn nëmme Bahnhof oder Gare verstanen, well mir dat nun emol als „Dérivée“ an net als „Ableitung“ kannt hunn. Dat sinn déi Problemer, do kënnt ee séier driwwer ewech, an dann huet een
eng exzellent Basis. Ze mengen also, datt de lëtzebuergesche Schoulsystem net exzellent preparéiere kann, dat gräift ze kuerz. Se mussen awer natierlech heiansdo – an dat grad, wa se sech ze fréi spezialiséiert hunn – an engem neie Fach vill opschaffen, soudatt se déi Spezialiséierung heiansdo och erëm verléieren. Se mussen eppes opschaffen, well hinne Grondwëssen an anere Beräicher feelt.
Dofir ass et wichteg, datt mer déi Jonk vun Ufank un iwwer hir Optiounen, awer och d’Konsequenze vun hire Choixen informéieren, fir esou sécherzestellen, datt wierklech just déi Jugendlech sech fréi spezialiséieren, déi och fréi erkannt hunn, wat hir Passioun ass. Fir déi aner musse mer och weiderhin nach méi allgemeng Sektiounen ubidden, déi et erlaben, sech eréischt nom Secondaire wierklech ze spezialiséieren. Dat gesot, ginn ech den Accord vun de Piraten a wënschen de Schülerinnen a Schüler aus dem ECG an dem ale Lycée Grandjean elo emol eng schéi Vakanz an dann eng erfollegräich Rentrée 2021/2022 an engem neie Kader.
Ech soen Iech
Merci.