M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, u sech och vu mir e
grousse Merci un d’Rapportrice fir deen ausféierlechen an edukative Rapport. Ech mengen, datt et
ëmmer wichteg ass, datt ee grad bei esou komplexen
an esou grousse Gesetzesprojeten an d’Déift geet a
sech och Zäit hëlt, dat ze erklären.
Jidderee vun eis hei stoung wuel schonn eng Kéier
virun engem ale Gebai oder op enger Plaz mat
Spuere ganz wäit aus der Vergaangenheet an huet
sech virgestallt, wéi d’Mënschen deemools genee do,
wou ee selwer grad steet, eng Kéier gelieft a
geschafft hunn. Dat ka ganz beweegend sinn. An da
kënnt och séier de Gedanken, ob aner Generatioune
méi wäit an der Zukunft sech iergendwann och eng
Kéier un eis erënnere wäerten a probéiere sech
virzestellen, wéi et war zu eiser Zäit oder zu där vun
eise Grousselteren ze liewen.
Wärend et un Objeten a Gebaier aus der aktueller Zäit
natierlech nach net mangelt, ass dat bei den Objete
vun eise Grousseltere schonns anescht. A vun den
Urgrousseltere ginn et oft nach vill manner Spueren.
Engersäits ass dat sécher normal, well d’Zäite sech
nun emol veränneren, mee wa mer wëllen, datt
zukünfteg Generatiounen d’Geschicht net just nach
iwwer Fotoen erliewe kënnen, dann ass et wichteg,
datt mer de Patrimoine och aktiv schützen.
Mir liewen nämlech aktuell an enger Zäit, an där
extreem vill gebaut, mee och produzéiert a gläichzäiteg och extreem vill ewechgeheit oder ofgerappt
gëtt. Dat ass eng reell Bedroung fir de Patrimoine an
duerfir freeë mer eis, datt mam virleienden Text soll
eng gesetzlech Basis geschaaft ginn, fir den
Denkmalschutz zu Lëtzebuerg ze verbesseren.
Gläichzäiteg soll dëst Gesetz et erlaben, an Zukunft méi
systematesch archeologesch Analysen an Ausgruewungen ze maachen, fir iwwerhaapt emol ze entdecken,
wéi vill Spueren aus der Vergaangenheet zu Lëtzebuerg nach ze fanne sinn. An och dat ass en Zil, dat
mer absolutt ënnerstëtzen.
Mir deelen also der Majoritéit hir Astellung, datt e
Gesetz iwwert de Patrimoine culturel dréngend néideg
ass. Mee d’Fro ass awer, ob d’Gesetz an där Form, déi
haut zum Vott steet, och dat hale kann, wat et
versprécht. An do hunn ech awer ganz e bësse meng
Zweifel. Ech gesinn hei kee grousse Paradigmewiessel,
deen eng breet Protektioun vum Patrimoine wäert
assuréiere kënnen, mee éischter en Text mat enger
ganzer Rei dach awer Onkloerheeten, dee riskéiert,
ongeplangten Nieweneffekter kënnen ze hunn.
Ee vun dësen Nieweneffekter kéint – ech soe kéint,
well et ass ze fréi, fir dat ze wëssen -, eng Hausse vun
Immobiliepräisser sinn, an dat ausgerechent an
enger Phas, déi mer als Logementskris bezeechne
mussen. Mir däerfe schliisslech net vergiessen, datt
mer hei eng Gesetzespropos virleien hunn, déi awer
Käschte fir d’Maîtres d’ouvrage mat sech brénge
kënnen, wann et drëms geet, archeologesch
Ausgruewungen ze finanzéieren.
Wien en Terrain bebaue wëllt, deen an enger Zon läit,
déi bis elo net bebaut ass, soudatt net ausgeschloss ka
ginn, datt archeologesch Piècen am Buedem ze fanne
sinn, wäert gezwonge ginn, en Deel vun de staatlech
ordonnéierten Ausgruewungen ze bezuelen. An déi
sinn – dat kann ee sech denken – net ëmmer bëlleg.
Do kënne gutt a gären e puer Honnertdausend Euro
zousätzlech fir de Bauhär ufalen, jee no Gréisst vum
Terrain. Et ass net unzehuelen, datt dës Käschten
einfach vum Gewënn vum Verkeefer ofgezu ginn. Nee,
déi wäerte wuel duerch eng Hausse vum Verkafspräis
awer iergendwou erëm ausgeglach ginn.
Esou eng Dispositioun also grad wärend an enger
Logementskris an engem Gesetz ass awer e bësse
gewot. Sollt d’Gesetz gräifen an zukünfteg systematesch Ausgruewunge gemaach ginn, wäert de Präis
op Neibaute steigen. Dat ass eng mechanesch a
logesch Geschicht. Natierlech kann et awer och sinn,
datt d’Zon, déi fir Ausgruewungen definéiert gëtt,
duerno esou kleng ass, datt just ganz wéineg Bauprojeten drënner falen, mee da verfeelt d’Gesetz jo awer
och erëm iergendwou säin Zil. Hei si mer der
Meenung, datt d’Part, déi de Staat finanzéiert, definitiv gehéicht kéint ginn, well dës Investissementer net
nëmme beim Patrimoine, mee, wéi gesot, och beim
Logement géifen hëllefen.
En anere Problem, dee mer an dësem Text gesinn, ass
deen, datt d’Iwwergangszäit, an där Gebaier aus dem
Inventaire klasséiert solle ginn, bei zéng Joer läit.
Natierlech ass eis bewosst, datt esou en ëmfaassende
Projet net vun haut op muer ëmzesetzen ass. Mee
mat enger esou laanger Iwwergangszäit si fir all
d’Acteuren um Terrain a besonnesch fir Proprietäre
vun Haiser, déi um Inventaire gelëscht sinn, awer
nach Onkloerheete verbonnen.
Mir hoffen duerfir, datt den Dialog mat de Proprietären an och der Zivillgesellschaft wäert gesicht ginn,
fir net an enger Situatioun ze endegen, wou d’Leit net
wëssen, wat virgeet an d’Gefill hunn, datt éiweg
näischt geschitt an dann op eemol ganz séier alles
iwwer hire Kapp géif ewech entscheet ginn. Et ass e
Gefill, et ass net dat, wat um Terrain ëmmer geschitt,
mee et ass eppes, wat d’Leit heiansdo spieren.
Insgesamt géife mer also duerfir och wënschen, datt
d’Zivillgesellschaft nach méi breet géif an den
Denkmalschutz agebonne ginn. Grad do hu mer
nämlech an der Vergaangenheet gesinn, datt et en
Theema ass, dat awer ville Mënschen um Häerz läit,
wou sech vill Leit aktiv abréngen, wou Associatioune
gegrënnt ginn, wou Leit sech engagéieren, fir
entweeder an hirem Duerf oder och national
Denkmalschutz no vir ze dreiwen.
Leider waren déi Echangen an der Vergaangenheet –
an et huet ee jo ëmmer d’Hoffnung fir d’Zukunft, datt
et do besser geet – dach grad bei gréissere Projeten
ëmmer e bësse limitéiert. Meeschtens goufen Associatiounen an engagéiert Bierger eréischt da gehéiert,
wann d’Baupläng schonn all virlouchen an de Bagger
gerullt ass, deelweis och, well se eréischt dann, wann
de roude Punkt do houng, wossten, datt iwwerhaapt
eppes géif geschéien. Well dann ass et schliisslech jo
och vill méi einfach, de Leit ze soen, datt ee si versteet
an hir Fuerderungen och novollzéie kéint, wärend een
déi praktesch Ausried, datt et elo awer leider schonn ze
spéit ass, direkt bei Hand huet. D’Gemeng huet
d’Autorisatioun ginn, et ass näischt méi ze maachen.
Grad op de Gemengen, wou ee méi no un de Leit ass,
kéint een d’Biergerinnen an d’Bierger besser abezéien.
Mee fir datt d’Gemengen deem wichtege Rôle, dee si
dem Gesetz no am Denkmalschutz hunn, och gerecht
kënne ginn, brauche se méi Ënnerstëtzung.
Wann ech am Rapport liesen, datt et néng verschidde
Gemengen am Land gëtt, vun deene Sites et
monuments seet, datt de Patrimoine bâti bei der
Erstellung vum PAG net convenablement protegéiert
ginn ass, da mécht dat mir awer Suergen. Feeler beim
Denkmalschutz si schliisslech och net esou einfach
réckgängeg ze maachen. Wann e Gebai bis ofgerappt
ass, dann ass et fort. De Staat dierf d’Gemengen do net
eleng loossen a muss hinne besser Outilen an Informatiounen un d’Hand ginn.
Oft gi Gebaier, déi klasséiert kéinte ginn, guer net
muttwëlleg ofgerappt, mee deelweis och aus
Onwëssenheet, well deene Concernéierte guer net
bewosst ass, wat se do viru sech stoen haten. Hei
brauche mer also méi Sensibiliséierung, an dat
souwuel, wat d’Proprietäre vun Haiser ugeet, wéi och
wat d’Besëtzer vun alen Objete betrëfft, déi iwwert
dëst Gesetz jo och besonnesch geschützt kënne ginn.
Wann en aalt Gebai dann awer ofgerappt muss ginn,
well verpasst gouf, et fréi genuch ze klasséieren oder
well et net anescht gaangen ass, géife mer eis
wënschen, datt een der Fuerderung vum Mouvement
patrimonial géif nokommen an den Depot fir al
Bauelementer géif an d’Liewe ruffen.
Lëtzebuerg huet en extreeme Bauschuttproblem a
gläichzäiteg sinn eng ganz Rei al Bauelementer vill ze
schéin, fir se einfach op den Tipp ze werfen. Steng,
Dieren, Fënsteren oder aner Materialie kéinte gelagert
an an zukünftege Projeten nees verwäert ginn. Circular
Economy léisst gréissen. Esou kéint also Material
gespuert ginn an d’Verbindung vun neien an ale
Materialie kéint interessant nei Bauwierker
ervirbréngen
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Gesetz
ass grouss an ech hat bei Wäitem net Zäit, op all
Punkten anzegoen. Ech wäert dat och elo mam
Rescht vu menger Riedezäit sécher net hikréien. Ech
wäert mech dofir just nach op ee weidere Punkt
limitéieren, e Punkt, deen awer extreem wichteg ass
an och matbestëmmt, firwat mer de virleienden Text
haut net matdroe wäerten an eis enthale wäerten. An
zwar geet et hei ëm d’Kontradiktioun tëscht dem
Usproch, e Gesetz geschriwwen ze hunn, wat et de
Proprietäre vun denkmalgeschützten Haiser soll
erlaben, gewëssen Ännerungen un hiren Haiser
virzehuelen, a gläichzäiteg d’Definitioun vun der
Authentizitéit vun engem Gebai zum zentrale Krittär
mécht fir seng Protektioun.
Ech liesen hei eemol, Zitat: « Pour pouvoir être inventorié comme bien immeuble susceptible de faire l’objet
d’un classement comme patrimoine culturel national,
un bien immeuble doit être authentique pour avoir
connu peu de modifications et avoir gardé des
éléments de son époque. » A gläichzäiteg heescht et
am Exposé des motifs (veuillez lire: an de Considérations générales am Rapport écrit), Zitat: « Il convient
de noter également que les restrictions apportées aux
droits des propriétaires par le présent projet de loi sont
à leur tour limitées par l’accent mis sur la valorisation,
c’est-à-dire par la possibilité d’effectuer des adaptations en vue d’une utilisation des immeubles. »
Fir sech gekuckt sinn dat zwou luewenswäert Iddien,
mee wéi d’Valorisatioun duerch Adaptatioun an
Authentizitéit duerno zesumme sollen e stabille
gesetzleche Kader bilden, ass mer awer net ganz kloer.
Wann ech mer also en aalt denkmalgeschütztend Haus
kafen, dann hunn ech jo d’Recht, Ännerungen un
dësem Haus virzehuelen, wann ech eng Demande
duerfir maachen. A fir eng Rei Aarbechte kann ech
souguer nach e Subsid kréien, dësem Gesetz no. A
wann ech meng Subsiden dann all kritt hunn, da kéint
ech eng Demande de déclassement maachen an da
wäert bei der Analys vu mengem Dossier zimmlech
séier festgestallt ginn, datt mäin Haus de Krittär vun
der Authentizitéit net méi erfëllt. Ech hu jo schliisslech
elo massiv Ännerunge konnte maachen an da kéint et
nees deklasséiert ginn.
Falls deem esou wär, si mer eis, mengen ech, awer all
eens, datt eppes net stëmmt. Hei muss a mengen Aen
dréngend nach emol iwwert de Krittär vun der
Authentizitéit vun engem Gebai nogeduecht ginn. An
ass et iwwerhaapt esou wichteg, datt e Gebai wéineg
Modifikatiounen erlieft huet?
Ee vun de Krittären aus dësem Text – an da kommen
ech zum Schluss, Här President -, déi Gebaier zousätzlech zu der Authentizitéit kënne schützenswäert
maachen, ass ënner anerem jo och de Fait, datt et
Biens sinn « ayant connu des transformations au
cours du temps et qui témoignent de l’évolution du
bâti en affichant des unités stratigraphiques, caractéristiques pour différentes époques ». Wéi dat elo
awer soll goen, datt wéineg Transformatiounen a vill
Transformatiounen au cours du temps zesummen an
engem Gebai ze fanne sinn, bleift a mengen Aen eng
vun de groussen Onkloerheeten. Hei bleift vill Sputt
fir individuell Aschätzungen, an ech mengen, dat bitt
net déi Sécherheet, déi mer vun engem neie Gesetz
ze erwaarden haten.
Ech denken duerfir, datt de virleienden Text, sou gutt
e vläicht op anere Punkten ass, an de Kapitelen iwwert
de Schutz vu Gebaier nach besser kéint sinn. An duerfir
wäerte mer eis haut enthalen, well mer och d’Repercussiounen op d’Zukunft nach net kënnen ofschätzen.
Ech soen Iech Merci.