7452 – Projet de loi sur la gestion et le recouvrement des avoirs saisis ou confisqués et modifiant :1° le Code pénal ;2° le Code de procédure pénale ;3° la loi modifiée du 5-15 septembre 1807 sur le privilège établi au profit du Trésor public pour le remboursement des frais de justice en matière criminelle, correctionnelle et de police ;4° la loi modifiée du 7 mars 1980 sur l’organisation judiciaire ;5° la loi modifiée du 19 décembre 2008 ayant pour objet la coopération interadministrative et judiciaire et le renforcement des moyens de l’Administration des contributions directes, de l’Administration de l’enregistrement et des domaines et de l’Administration des douanes et accises et portant modification de– la loi modifiée du 12 février 1979 concernant la taxe sur la valeur ajoutée ;– la loi générale des impôts (« Abgabenordnung ») ;– la loi modifiée du 17 avril 1964 portant réorganisation de l’Administration des contributions directes ;– la loi modifiée du 20 mars 1970 portant réorganisation de l’Administration de l’enregistrement et des domaines ;– la loi modifiée du 27 novembre 1933 concernant le recouvrement des contributions et des cotisations d’assurance sociale ;6° la loi modifiée du 25 mars 2020 instituant un système électronique central de recherche de données concernant des comptes de paiement et des comptes bancaires identifiés par un numéro IBAN et des coffres-forts tenus par des établissements de crédit au Luxembourg en vue de la transposition :– de la décision 2007/845/JAI du Conseil du 6décembre 2007 relative à la coopération entre les bureaux de recouvrement des avoirs des États membres en matière de dépistage et d’identification des produits du crime ou des autres biens en rapport avec le crime ;– de certaines dispositions de la directive 2014/42 du Parlement européen et du Conseil du 3 avril 2014 concernant le gel et la confiscation des instruments et des produits du crime dans l’Union européenne ;– de la directive (UE) 2019/1153 du Parlement européen et du Conseil du 20 juin 2019 fixant les règles facilitant l’utilisation d’informations financières et d’une autre nature aux fins de la prévention ou de la détection de certaines infractions pénales, ou des enquêtes ou des poursuites en la matière, et abrogeant la décision2000/642/JAI du Conseil

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Merci dem Rapporter fir dee gudden an ausféierleche
Rapport, soudass ech mech just nach op déi virtuell
Kryptoe konzentréiere wäert. Ech mengen, Dir hutt
et erwaart. Ech hat an der Kommissioun jo schonn
deemools ganz fréi ubruecht, wéi de Projet virgestallt
ginn ass, dass déi deemoleg Iddi, fir direkt ze verkafen, net déi richteg wär.
An dass mer elo op de Wee ginn, fir ze soen: Mir halen alleguerten déi virtuell Wärungen, d’Kryptoen,
a mir maachen e Wallet, deen de Staat dann herno
och selwer verwalte kann iwwert de BGA, a ginn eis
awer och d’Méiglechkeet, extern Operateuren nach
derbäi ze huelen, sollt dat wierklech gebraucht ginn.
Well et muss ee wëssen: Dat Theema ass esou komplex, dass de Staat herno net eleng wäert kënnen dat
Ganzt verwalten, mat deenen eenzelne Wallets. Et ass
en interessant Theema. Ech hat nämlech dem Här
Kox schonn eng Vielzahl u Question-parlementairë
gestallt, wéi dann d’Wallets iwwerhaapt beim Staat
organiséiert sinn. Well dat ass e komplext Theema an
de Staat geet jo eigentlech hin an e seet: „D’Kryptoe
sinn eppes Guddes bezéiungsweis eppes Legales!“,
dee Moment wou e selwer esou Wallets erstellt. Dat
ass nämlech déi Fro, déi derhannert steet. Wann de Staat nämlech elo higeet an e seet dem BGA: „Dat ass alles ok mat deene Kryptoen, dat ass esou, wéi et soll sinn“, da seet en automatesch och:
„Ok. Et ass eng gewëssen Akzeptanz do.“ Dat ass
nämlech haut den éischte Schrëtt, deen de Staat
mécht, fir an déi Richtung ze goen.
Dofir ass dëse Gesetzesprojet immens interessant an
där Optik. Et däerf ee virun allem jo och ni vergiessen: Et hätt jo och emol eng Kéier kënne virkommen, dass een aus Versehen oder duerch e falsche Verdacht seng Kryptoe confisquéiert kritt hätt an da
wäre se direkt verkaf ginn an da wär de Schued do
gewiescht, well et ass virdrun ugeklongen: Déi sinn
immens volatill an dofir muss een do dee richtege
Moment fannen.
A mir Piraten konnten eis dunn och, nodeems mer an
der Kommissioun e puer Diskussiounen haten an déi
Richtung, mat dëser Léisung ufrënnen, dass de BGA
mat qualifizéierte Leit dat herno wäert verwalten, an
awer och d’Méiglechkeet besteet, dass fir deen, deem
déi Krypto gehéieren, obwuel se beschlaagnaamt
sinn, de richtege Punkt ka fonnt ginn, fir déi herno
an eng al Fiatwärung, also Euro, Dollar oder soss
iergendeppes, ëmzewandelen. Dofir ass et immens
wichteg, dass dat nach eng Kéier geännert gouf. Et
ass och dee Punkt, wou mer konnte soen: Mir ginn
eis Zoustëmmung zu dësem Gesetz.
Dann nach een e bësse méi klenge Kritikpunkt, wou
mer éischter aus moralesche Grënn net esou averstane
sinn. Ech hat der Ministesch dat och an der éischter
Kommissioun gesot. Dat ass, dass d’Déieren och als Valeur géifen traitéiert ginn, wou mir der Meenung sinn,
dass dat net soll de Fall sinn. Virun allem wann Déiere
confisquéiert ginn an déi gi versteigert, soll et net no
Präis goen, mee dono, wou se dat bescht Liewe kënnen duerno hunn, an net onbedéngt, fir déi gréisste
Valeur draus ze maachen. Dat ass e klenge Bemoll am
Projet, mee mir wäerten awer trotzdeem dëse Projet
matstëmmen, well eeben dat mat de Kryptowärungen
esou geännert ginn ass, dass een dat och zefriddestellend haut hei ka presentéieren.
Merci.
M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

D’Piraten hu sech iwwert déi lescht Joren fir den TICE staark gemaach mam Ziil, den Erhalt vum ëffentleche Bussyndikat ze garantéieren an eng Privatiséierung
D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier