M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, dëst Gesetz, dat huet de
Rapporter virdru jo och gesot, ass schonn eng Rëtsch
Joren an der Maach. An u sech sollt et bei dësem Gesetz ëm de ganz einfache Prinzip vum Erhalt vu Konten,
materiellem Besëtz a Schléissfächer goen. U sech. An et
sollt eng kloer eenheetlech national Reegelung ausgeschaaft ginn, wéini a wéi oft eng Bank oder eng Assurancëgesellschaft da muss no enger inaktiver Persoun
respektiv no hiren Nokomme sichen.
Den Här Bauler huet dat – a merci fir de Rapport, Här
Bauler – virdrun, wéi gewinnt, ganz pedagogesch erkläert. A mir Piraten begréissen déi verschidde Schrëtt,
déi mat dësem Gesetz geholl ginn. Et ginn engersäits
kloer Delaie gesat, anerersäits awer och kloer Präisser
definéiert respektiv Maxima definéiert, an deene muss
agéiert ginn. An datt den Zukunftsfong ka vun deem
Besëtz profitéieren, wa kee fonnt gëtt, ass prinzipiell
och mol gutt.
Mir Piraten wären awer frou gewiescht, wann am Gesetz e bësse méi kloer definéiert gi wier, wat Saache
mat kulturellem Interêt an historeschem Wäert fir eist
Land wieren a wat da mat deene geschitt. Well wann
een nämlech kee Besëtzer fënnt, mussen déi an eisen
Aen als Éischt emol an e Musée oder, am Fall vun de
Besëtztemer vun de jiddesche Matbiergerinnen a Matbierger aus dem Zweete Weltkrich, un d’Fondation
pour la mémoire de la Shoah goen. Et kann nämlech
net sinn, grad wann et ëm Kulturgidder geet, ëm
Konschtwierker vun engem nationalen Interêt, datt déi
herno an iergendengem Konferenzraum vun engem
Ministère opgehaange ginn an net alle Biergerinnen
a Bierger am Musée zougänglech sinn. Ech mengen,
dat ass deen ee Volet.
An ech wëll dann awer och hei soen, an dat gouf virdrun och scho gesot, datt mer d’Niewebemierkunge
vum Staatsrot kloer deelen, datt iwwert d’Enteegnung vun de jiddesche Matbiergerinnen a Matbierger
wärend dem Krich nach vill Opklärungsaarbecht ze
maachen ass an datt mer genausou wéi de Staatsrot
hoffen, datt dëst Gesetz derbäi hëllefe kann, engersäits déi Fongen ze fannen an anerersäits déi Fongen dann awer och enger Verwendung zoukommen
ze loossen, déi am Interêt vun dëse Leit gewiescht
wär. De Schued kann een net méi guttmaachen, mee
et kann een awer zumindest derfir suergen, datt de
Schued net nach méi schlëmm gëtt!
Mir Piraten, dat hat ech gesot, fannen et och gutt, datt
mer déi Grenz vun deenen 100 Euro drageschriwwen
hunn, fir datt een, wann een nëmmen 100 Euro op
engem Kont hat an deen ass „dormant“ an da gëtt
herno duerno gesicht – déi Käschte gi jo séier iwwer
100 Euro eraus –, dann net op eemol virun der Situatioun steet, datt déi lescht „Kröten“, déi een hat, net
nëmme fort sinn, mee datt een och nach eng Rechnung geschéckt kritt vun der Bank, déi verzweifelt probéiert huet, een ze fannen. Bon, dat setzt viraus, datt
d’Bank ee fënnt. Mee glécklecherweis sollt een net bestrooft gi just doduerjer, datt d’Bank hire Fichier net à
jour gehalen huet.
Leider stelle sech eis awer och Froen, genau wéi der
Chambre de Commerce an der CNPD. An do deelen
ech dem Laurent Mosar seng Interpretatioun vum Rapport, wou den Här Bauler, mengen ech, awer probéiert
huet, relativ kritesch Avise relativ schéin ze verpaken.
Mir deelen, datt et do awer nach e puer oppe Froe
gëtt, a virun allem Froen, wat den Dateschutz ugeet,
well sech elo hei op d’Gesetz vun 2004 zum Anti-blanchiment ze bezéien, wat d’Datespäicherung ugeet,
e Gesetz, wat virum RGPD do war, ass awer eng Deenung vun deem, wéi mir den Dateschutz zu Lëtzebuerg
géife gesinn. A mir hätten eis hei definitiv gewënscht,
datt een eng méi zolidd Basis fonnt hätt an domat och
den Dateschutz gestäerkt hätt. An déi laang Delaie vu
bis zu 50 Joer, wou Saache kënne gehale ginn, sinn an eisen Aen net proportionéiert zu deem, wat mer u
sech hei wëllen erreechen.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat Gesetz hei mécht eis et net einfach. Engersäits si Saachen dran, déi absolutt Sënn maachen. Mir brauchen
dat Gesetz. Mir sinn der Meenung, datt et eppes ass,
wat néideg ass an u sech gutt Basissen huet. Et huet
e gutt Skelett, muss ee soen, dat Gesetz. De Problem
ass, datt et awer och eng ganz Rëtsch Punkte gëtt,
déi ech elo grad opgezielt hunn, déi eis net esou gutt
gefalen a wou mir awer mengen, datt et e bessert Gesetz hätt kënne ginn. An dofir wäerte mir eis da bei
dësem Gesetz och enthalen.
Ech soen Iech Merci.
- September 21, 2023
- 5:26 pm
- Programm 2023, Uncategorized @lb-lu
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.