M. Marc Goergen (Piraten) | Madamm Presidentin, ech ginn elo net nach eng Kéier op d’Zäitschinn
a vum Gesetz, mee haut stëmme mer méi Kompetenze fir d’Agents municipaux, wat mer begréissen.
D’Gemengebeamte kréien domadder an Zukunft méi
Kompetenzen, fir déi verschidden Infraktioune kënnen ze bestrofen. Dat ass eng Léisung fir ganz vill Problemer, déi och a ganz villen Diskussiounen a leschter
Zäit an der Chamber an de leschte Joren hei opkomm
sinn. Dofir ass et hei haut eigentlech e ganz erfreelechen Dag, well dëse Gesetzestext haut d’Hürd vum Parlament wäert huelen.
Et si kleng Faiten, déi se elo wäerte kënne bestrofen,
17 Stéck. Se goufen alleguerte schonn eng Kéier genannt. Ech hat mer der och nach e puer opgeschriwwen: Hausdéier net roueg, Hecke blockéieren, nach
eng Kéier den Hondsdreck net ewechmaachen, dat ass
schonn eng Kéier alles genannt ginn. Dat Eenzegt, wat
eis als Partei nach erfreet hätt, wär, wann zum Beispill
méi Déiereschutz dra gewiescht wär, dass d’Agenten
och hätte kënne kontrolléieren, wa mam Déiereschutz
eppes falsch ass an do hätte kënnen direkt handelen,
sief dat en Auto, wou den Hond nach dran ass oder en
Hond gëtt falsch gehalen un der Ketten. Dat ass alles
eppes, wou een an Zukunft nach eng Kéier kann driwwer diskutéieren, dass se och d’Kompetenz kréien, fir
den Déiereschutz besser ze kontrolléieren.
Wat eis erfreet, ass, dass Leit, déi sech zu Onrecht
bestrooft fillen – dat wäert och virkommen, warscheinlech ganz minimal, mee et wäert virkommen –,
d’Méiglechkeet kréien, fir awer um Verwaltungsgeriicht kënnen dogéint virzegoen an deementspriechend och do hir Etappen ze huelen.
Do muss een natierlech bedenken, dass elo vill där
Taxe wäerte gefrot ginn an deementspriechend och
eng Kéier misst diskutéiert ginn, ob mer do nach genuch Riichter um Verwaltungsgeriicht hunn. Dat ass
elo eng Kap vun enger anerer Kommissioun, mee ob
déi nach esou nokommen herno bei den Demanden,
déi d’Verwaltungsgeriicht wäert kréien, wa mer déi
heiten Infraktioune mat dramaachen.
Am Volleksmond huet ee jo och schonn de Bannhidder kannt. Et ware leider wéineg Gemengen, déi
deen agesat hunn. Ech weess, et war och ganz komplizéiert an net esou einfach. Et huet een ëmmer geduecht: „A, elo kënnt de Gesetzestext, da brauch ech
elo kee Bannhidder anzestellen!“ Mee dat heiten ass
eigentlech eng Weiderentwécklung vun där Formule
vum Bannhidder, deen awer zimmlech positiv an den
eenzele Gemengen ukomm war.
Et ass eng ganz gutt Approche, well d’Police gëtt
nach eng Kéier entlaascht. A mir wëssen et alleguerten: Mir hunn einfach net genuch Policebeamten! Och wann der elo 200 nach eng Kéier
duerch d’Policeschoul ginn, hu mer awer och erëm
esou vill Leit, déi an d’Pensioun ginn. Dat heescht, deementspriechend ass herno den Netto, wat
erauskënnt, net esou héich wéi dat, wat elo duerch
d’Policeschoul geet.
An dofir ass dat heiten eng Moossnam, déi wierklech
der Police wäert an enger éischter Linn hëllefen,
well et sinn eeben d’Kommissariater queesch duerch
d’Land, déi u Personalmangel leiden. An duerch dës
Mesure wäerte mer elo awer kënnen d’Sécherheet
stäerken, net nëmmen d’Sécherheetsgefill, wat ganz
subjektiv ass. Ech weess, d’Politiker schwätzen och
gäre vum Sécherheetsgefill, mee eigentlech sollte
mer eis un d’reell Zuelen an un d’reell Sécherheet
halen an net just un d’Gefill. An dat heiten ass eng
Moossnam, fir dass dës Sécherheet gestäerkt gëtt.
D’Gemengebeamte kennen och déi lokal Reegelen,
déi lokal Gesetzer, also d’Reglementer, besser. Well
de Problem ass, an do huelen ech elo als Beispill bei
mir d’Gemeng, do kommen da Polizisten aus der
Nopeschgemeng. An anere Gemengen duerch d’Land
ass dat nach vill méi, do si Policebüroen, déi hu sechs,
siwe Gemengen, bis zu zéng Gemengen ofzedecken.
A wann een do mat de Policebeamte schwätzt, soe se
och éierlech, datt et net esou einfach ass, ëmmer den
Iwwerbléck ze behalen, wéi dat eenzelt Gemengereglement ass.
Dofir ass dat heiten elo e ganz gudde Schrëtt, fir
dass déi lokal Agents municipaux kënne ganz kloer
soen: „Hei, dat dote steet awer bei eis am Gesetz,
am Reglement esou an esou.“ Well de Polizist kann
dat eeben net ëmmer wëssen. Dofir ass et och
d’Policegewerkschaft, déi gesot huet, dass se averstanen ass mat dëser Mesure an dass et keng zweet
Police ass an dass och am aktuellen Text keng Gefor
ze erkennen ass, dass et dee Wee wäert goen. Well
mir wësse jo alleguerten: Déi nei Agents municipaux
kënne keng Waffen droen, se kënne keng Gewalt
uwennen, si hunn net déi selwecht Méiglechkeete
wéi eng Police. Dofir steet och guer net méi am
Raum, dass dat herno eng zweet Police wäert sinn. Au
contraire, se wäerten eis Police entlaaschten.
(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)
Et ass och e wichtege Punkt fir d’Ewechkomme vun
de private Sécherheetsfirmen. Ech mengen, et iwwerrascht keen: Mir Piraten hunn eis déi ganzen Zäit
vehement dergéint gewiert, dass déi am ëffentleche
Raum ënnerwee sinn. An dofir ass dat heiten elo
d’Méiglechkeet fir déi Gemengen, déi bis elo Sécherheetsfirmen engagéiert hunn am ëffentleche Raum,
sief dat vu Parkauer zu Parkauer, wéi een et och ëmmer definéiert huet, fir do e bëssen d’Gesetz ze ëmgoen, nach eng Kéier de Réckwäertsgang anzeleeën,
fir dat elo mol korrekt op de Wee ze bréngen, fir dass
se soen: „Mir huelen do eis Agenten, déi maachen
dat, an déi kënnen deementspriechend eist Reglement dann och ëmsetzen.“
Deen eenzege Kritikpunkt, deen ech an der Praxis e
bësse gesinn – wat e Problem ass –, dat ass, dass et
fir de Bierger net einfach wäert sinn, herno ze wëssen, a wéi enger Gemengen elo wat ass. Ech weess,
et ass d’Autonomie communale an et ass herno un de
Gemengen, ganz fakultativ ze kucken, wat se dovunner ëmsetzen. Dat wäert et awer um Terrain sécherlech net méi einfach maache fir den eenzele Bierger,
wann en …
Ech schwätzen elo net vu Reglementer, déi ee betreffen, wou ee wunnt. Mee et geet ee jo och emol heiansdo op d’Musel, an den Norden, touristesch, egal,
et ass een ënnerwee, an an där Gemeng ass dann en
anert Reglement, wat d’Agente kënnen uwenne wéi
dat, wat een doheem huet. Dat gesinn ech e bësse
kritesch. Ech weess, mir sinn do e bësse méi kritesch
allgemeng, wat d’Autonomie communale ubelaangt.
Mee an dësem Gesetz hu mer vill Punkten, déi fakultativ sinn. An deementspriechend wäert dat awer
fir de Bierger net ganz einfach sinn. Mir hätten éischter geduecht, et wäre méi Punkten, wat ee muss maachen, a ganz wéineg fakultativer. Mee mir kënnen
awer och elo domadder liewen.
M. Fernand Etgen, Président | Här Goergen, erlaabt
Der, datt den Här Kersch Iech eng Fro stellt?
M. Marc Goergen (Piraten) | Jo.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ech ginn Iech do Recht.
Et war jo bei dem Avis vum Staatsrot, wann ech mech
richteg erënneren, an der Kommissioun, wou dat och
opkomm ass, wou de Staatsrot och e bëssen de Wee
gewielt huet wéi ech, fir dat e bëssen ze kritiséieren,
dass een eeben elo iwwert d’Autonomie communale
awer trotzdeem ganz vill verschidde Faktoren huet.
A mir Piraten si jo bekannt derfir, dass mer dat éischter
gäre méi einfach hätten, wéi herno mat den eenzele
Gemengen Honnerte Reglementer ze hunn. Dofir, ech
ginn Iech Recht, et ass net eleng dëst Gesetz, mee et
betrëfft awer och dëst Gesetz mat. An esou, wéi de
Staatsrot dat interpretéiert huet, war eeben och meng
Interpretatioun, dass mer dat vereenheetlecht hätten,
zumindest e Basispaket. An dann, wann ee gesäit, dass
an enger Gemeng, wéi Dir et ugeschwat hutt, nach
ganz aner Problemer sinn, kéint een do op eenzele
Punkten noschaffen. Mee d’Basispaket wär dat selwecht fir de Bierger, egal wou een am Land ënnerwee
ass.
Déi aner Fro, déi sech nach stellt, ass, wéi et herno
am Praktesche wäert oflafen. Verschidde Bierger sinn
heiansdo ongedëlleg, dat wësse mer. Wéi ass et dann
herno? Däerf de Bierger dann d’Police uruffen? An
den Agent rifft herno d’Police, wann en ugeruff ginn
ass, dass e soll dohinner goen? Do kann d’Ministesch
vläicht e puer Erklärunge ginn, fir dass mer herno net
do duebel Aarbecht hunn. Well ech ka mer virstellen,
dass e puer Bierger dann ongedëlleg sinn, an da
rufe se einfach emol déi zwee un an da stoppe se
de Chrono, wien als Éischten do ass. Wéi wäert dat
herno an der Koordinatioun tëscht deenen zwee oflafen?
An da wäert sécherlech och eng Erausfuerderung fir
d’Gemengen d’Disponibilitéit sinn, fir Agenten zur
Verfügung ze stelle ronderëm d’Auer. Mir schwätzen
hei vun Nuetsrou. Virdrun, ech weess net méi, wien
et war, do hat een d’Beispill ginn, no 22.00 Auer ze
méien. Mee et muss awer no 22.00 Auer och nach en
Agent do sinn, deen dat ka kontrolléiere goen. Dat
ass e bëssen déi praktesch Fro un d’Ministesch.
Ech weess, dat sinn och d’Gemengen, déi dat maachen. Mee d’Gemenge brauchen awer och dat Geld
an déi Ressourcen, fir dat herno kënnen ëmzesetzen.
Also, mir si komplett averstanen, mee et sinn eeben
déi Froen, déi sech herno am Praktesche wäerte
stellen.
Et ass e ganz wichtege Projet, dee mir och haut wäerte matstëmmen, well en dem Bierger eppes bréngt.
E bréngt der Police eppes, e bréngt de Gemengebeamten eppes. A sech ass et en „all inclusive“, kéint ee
bal soen, deen all den eenzele Leit, déi concernéiert
sinn, wäert villes erliichteren, soudass een haut och
nëmme ka Jo dozou soen.
Ech hat mer och nach notéiert, dass een elo een, zwee
Joer sollt waarden a kucken, wat op de Geriichter zum
Deel erauskënnt a wéi eng Weeër déi eis weisen, wa
Leit awer net averstane ware mat den Entscheedungen, bezéiungsweis wat do erauskënnt. Ech hunn elo
d’Motioun gelies vun der Regierung. Dir hutt elo dräi
Joer dran, dat ass fir eis och vollkommen ok, soudass
mir dat och wäerte matstëmmen. Wichteg ass, dass
een eng Kéier kuckt, wéi dat an der Praxis – eeben
déi puer Beispiller, déi ech elo genannt hunn – wäert
stattfannen, fir eebe vläicht, wann et sollt néideg
sinn, dann an zwee oder dräi Joer eng kleng Verbesserung ze maachen. Ech mengen, et ass elo egal,
wéini een et mécht, et soll just zäitno sinn, datt mer
dat maachen.
Merci.
M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt!
M. Marc Goergen (Piraten) | … wien do dran ass.
Mir hunn do kee Member dran, also, ausser, et wär
just an enger Gemeng, déi ech gutt kennen, esou,
dass d’Oppositioun do keen huet.
Meng Fro virdru war jo déi vun der Koordinatioun, wéi et herno ofleeft, net dass herno souwuel
d’Agenten dohinner fuere wéi d’Police. Ech weess elo
net, ob de Kommitee dat herno léist.
Mme Taina Bofferding, Ministre de l’Intérieur | Jo.
M. Marc Goergen (Piraten) | Mee et muss jo herno
einfach dat Prakteschst sinn am Alldag, wéi ech a
menger Ried gesot hunn: Wien dohinner fiert, wéi
dat koordinéiert ass mat der Police. Gëtt et do eng
gemeinsam Datebank? E gemeinsame System? Déi
musse jo iergendwéi sech koordinéieren, soss fueren
der ëmmer zwee op d’Plaz, well de Bierger ongedëlleg ass an en einfach déi zwee geruff huet.
Merci