M. Sven Clement (Piraten) | Wann Der net géift do
soen, wat Der …
M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, wéi oft si mer an deene
leschten zwee Joer hei zesummekomm, fir villfälteg
a wäitreechend sanitär Mesuren ze diskutéieren, déi
kengem vun eis, weeder der Majoritéit nach der Oppositioun, géif ech soen, Freed gemaach hunn an awer
oft dréngend néideg waren, fir eis Gesellschaft ze
schützen? Am Verglach mat deene villen haarde Stonnen, déi mer schonns mat de Covidtexter verbruecht
hunn, ass dëse kuerze Projet vun haut dann och wierklech nees eng wëllkommen Ofwiesslung.
Dofir erlaabt mer och, als Éischt dem Rapporter vum
Gesetzesprojet hei Merci ze soe fir säin dann ausnamsweis e bësse méi kuerzen an digestë mëndlechen a
schrëftleche Rapport.
D’sanitär Situatioun erlaabt et eis nees, weider Lackerungen ze huelen, an dat ass jo méi wéi erfreelech.
D’Leit kruten déi lescht Méint jo och schonn eng ganz
Rei Fräiheeten zréck, an dat virun allem am Fräizäitberäich. Datt elo, wou grouss Rassemblementer ouni
Mask scho méi laang méiglech sinn, ouni datt sech
d’Situatioun an de Spideeler verschlechtert hätt, och
d’Maskeflicht am ëffentlechen Transport ewechfale
soll, kënne mer dofir nëmme begréissen.
Et ware jo awer deelweis kokass Situatiounen, wann
ee gesot huet, et däerft een zu e puer Dausend Leit zesumme Party maache goen, an et huet een, wann een
zu zwee an engem grousse Bus souz, mussen d’Mask
unhalen. Also de Passagéier, well de Buschauffer, deen
huet jo keng Mask gebraucht, well d’Flatterbännercher
do geschützt hunn. Also, et war e bësse kokass. An ech
mengen, datt et sënnvoll ass, dat hei elo esou och am
Gesetz erëmzespigelen.
Wie méi oft den ëffentlechen Transport geholl huet
déi lescht Wochen, déi lescht Deeg, huet gesinn, datt,
mengen ech, och bei der Compliance vun där legaler
Dispositioun definitiv vill Loft no uewe war, well déi
meescht Leit haten d’Maske scho méi laang falegelooss.
Datt et also elo keng Flicht méi gëtt, eng Mask
mussen ze droen, heescht natierlech awer net, datt
een net trotzdeem eng Mask droen dierf. Jiddereen,
dee sech besser mat enger Mask fillt, dee soll och
weiderhi seng FFP2-Mask droen, fir sech ze schützen,
zemools wann en zu enger Risikogrupp gehéiert.
Gläichzäiteg hoffen ech, datt all déi net vulnerabel
Persounen aus der Pandemie déi gutt Gewunnecht
mathuelen, hir Matmënsche wëllen ze schützen, an
dofir un Deeg, wou se sech vläicht net ganz fit fillen,
entweeder einfach doheembleiwen oder – sou wéi
et an asiatesche Länner scho säit Joerzéngten üblech
ass – fräiwëlleg eng Mask undinn, fir aner Leit net
unzestiechen. An ech schwätzen do guer net nëmme
vum Covid, ech schwätzen do generell vun allen ustiechende Krankheeten, well d’Gestes barrières an d’Gewunnechten aus deene leschten zwee Joer schütze
schliisslech net nëmme viru Covid, mee och zum
Beispill virum Schnapp oder der Gripp, Krankheeten,
déi ee senge Matmënsche jo awer och net onbedéngt
wëllt undoen.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, zum
Schluss wéilt ech dann awer nach op d’Propos vun
der Chambre des Métiers ze schwätze kommen, déi
an hirem Avis seet, datt elo, wou vill Mesurë schonn a
Kraaft waren an nees konnten opgehuewe ginn, eng
approfondéiert Etüd iwwer hir Wierksamkeet sollt
gemaach ginn. Ech hoffen, datt esou eng Evaluatioun
vun de Mesurë generell déi ganz Zäit op Regierungsniveau gemaach gouf. Mee ech denken, datt et awer
vläicht elo nach eng Kéier, esou wéi d’Handwierkskummer dat proposéiert, kéint sënnvoll sinn, dës
Daten aus dësen internen Evaluatiounen nach eemol
an enger ëffentlecher Etüd, eventuell an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg, auswäerten ze
loossen.
Dat wär en transparenten Ëmgang mat der Covidpolitik vun de leschten zwee Joer a sécher och eng gutt Virbereedung op den Hierscht, wou jo nach kee weess, ob
mat der kaler Joreszäit net och nees d’Covidzuele steige
wäerten. D’Erfarungen aus deenen anere Länner an
der EU deite jo op zwou verschidde Richtungen hin. Ob
dat da mam Testen ze dinn huet oder net, loossen ech
jiddwerengem selwer iwwerlooss (veuillez lire: oder
net, dat ze jugéiere bleift jiddwerengem selwer iwwerlooss.)
Dat gesot, ginn ech awer mat Freed haut den Accord
vun de Piraten fir dëse kuerze Projet de loi an ech
soen Iech villmools Merci fir d’Nolauschteren.
M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Et
ass net oft, datt ech mam Yves Cruchten esou enger
Meenung sinn.
Vläicht nach eng zweet Fro, wat ech einfach net verstinn: also „Aktiviste fir d’Fräiheet vun de Medien“,
gefuerdert vun enger Partei, déi Plaintë géint Medievertrieder mécht, wann hinnen d’Rapporten net
passen …!
Bon, bref: Mir stëmmen dergéint.
M. Sven Clement (Piraten) | Nee, et war den Här
Lamberty!
(Hilarité)