M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech soe fir d’éischt
deenen zwee Demandeuren, dem Här Kartheiser an
dem Här Wiseler, Merci, datt mer haut kënnen eng
weider Kéier iwwert den Ugrëffskrich vu Russland an
d’Situatioun an der Ukrain diskutéieren.
Natierlech ass an dëse leschte Woche vill geschitt.
An et ass net nëmmen diskutéiert ginn, mee virun
allem an der Ukrain ass vill gekämpft ginn, gekämpft
ginn ënner anerem och mat Hëllefen aus Lëtzebuerg.
Lëtzebuerg huet Hëllefen zougeséchert, huet Material, a jo, och Waffen zur Verfügung gestallt.
Mir dierfen eis awer net op dësen Hëllefen ausrouen.
Falls d’Ukrain nämlech weidert Material brauch, wat
mir hei zu Lëtzebuerg hunn oder fir d’Ukrain kënne
beschafen, muss kënne weidert Material geliwwert
ginn. Mir hunn déi Moyenen a sollte se deementspriechend notzen, fir dass eis ukrainesch Partner
kënnen de Russen d’Stier bidden. A mir mussen hei
ganz gutt oppassen, fir net eng Rollenëmkéierung ze
maachen an ze mengen, d’Ukrain hätt „provozéiert“,
ënner Anfürungszeechen.
Mir sollen net mengen, datt d’Affer op eemol Responsabilitéit u sengem Afferstatus hätt. Deen Eenzegen,
deen entscheet huet, d’Ukrain ze attackéieren, war
héchstwarscheinlech ganz eleng eng Persoun, nämlech de Wladimir Putin am Kreml zu Moskau. Dorunner ass d’Ukrain net Schold, dorunner ass d’NATO net
Schold, dorunner ass de Westen net Schold, dorunner
ass just de Wladimir Putin Schold!
Déi, déi nämlech behaapten, datt en Affer Schold
un enger Attack huet, sinn déi nämmlecht Leit, déi
de Frae soen: „Do keng esou eng kuerz Jupe un!“,
oder: „Du hues deem jo awer léif gelaacht!“ A mir
sinn eis, mengen ech, alleguerten hei zu Lëtzebuerg
mëttlerweil eens, datt esou en Discours net nëmmen der Vergaangenheet unzegehéieren huet, mee
absolutt inakzeptabel ginn ass! An dofir: Deen, deen
elo mengt, datt d’Ukrain, de Westen oder d’NATO
iergendeng Schold drun hätten, datt de Wladimir
Putin d’Ukrain attackéiert huet, deen huet, mengen
ech, vergiess, wien d’Responsabilitéit wierklech dréit.
D’Ukrainer hu sech bis elo gutt geschloen, dëst och,
well se Material vu bausse kritt hunn. Mee trotzdeem
ass leider nach keen Enn vum Konflikt ofzegesinn. An
duerfir ass et wichteg, datt mer weiderhin all Hëllef
ubidden, déi mir leeschte kënnen. Fir weider dës
Hëllefe kënnen ze ginn, muss Lëtzebuerg konstant
am Kontakt mat sengen NATO-Partner an och dem
Partner Ukrain stoen. Dëst awer net nëmmen op Regierungsniveau, mee och op Niveau vun den ONGen
an den Deputéierten.
Dëse Konflikt fuerdert eis alleguerten, d’Exekutiv
genee wéi d’Parlament, an natierlech och d’Zivillgesellschaft, déi en extreemt Engagement a Matgefill
bewisen hutt. Do dierf eist nationaalt Parlament net
hannendrun zréckbleiwen an och mir mussen aktiv
bleiwen.
Ech perséinlech hat schonn d’Chance, mat Deputéierten aus der Ukrain ze telefonéieren. An ech denken,
datt et wichteg ass, datt d’Chamber och hei aktiv de
Kontakt sicht mat dem Parlament zu Kiew, fir datt
och mir als Chamber hei d’Situatioun besser kënnen
aschätzen an déi richteg Decisiounen huelen.
A jo, och dat hunn ech haut héieren, an och dat schockéiert mech, datt d’Ukrain keng Demokratie wär!
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech hat d’Chance, am
Optrag vun der Chamber bei de Walen an der Ukrain
Walbeobachter ze sinn. A jo, d’Ukrain ass sécherlech,
geneesou wéi all aner Demokratie, keng perfekt Demokratie. Et gëtt sécher déi eng oder aner Saachen,
déi ee kritiséiere kann, an dat gouf och vun der OECD
an hirem Rapport gemaach. Mee et ass awer vermoossen ze behaapten, datt e Parlament, wat direkt
gewielt gëtt, an oppenen, ënner internationaler Opsiicht stattfannende Walen, an e President, deen an
oppene Wale gewielt gëtt, keng Demokratie wär. Ma
da weess ech net, wat d’Definitioun vun Demokratie
nach soll sinn.
(Interruption par M. Fernand Kartheiser)
Jo, Här Kartheiser, wa meng Ried vum Wladimir Putin
geschriwwe gi wär, da géif ech mech hei net esou
grouss opféieren.
(Hilarité)
Mir als Chamber mussen eis also hei och abréngen,
fir datt mer eegen Informatiounen hunn an net blann
enger Ausso hannendrulafen an och net blann musse
gleewen, wat mer heibanne rapportéiert kréien. An
deem Kontext begréisse mer natierlech, datt den Juni dann den Austausch mam ukrainesche President hei an der Chamber stattfanne soll. Mir sinn
eent vun deene wéinegen, wann net dat eenzegt
EU-Parlament, dat nach net d’Chance hat, sech mam
President Selenskyj auszetauschen. An deementspriechend fannen ech et gutt, datt mer déi Chance elo
kënne wouerhuelen.
Här President, d’Ukrain huet an deene leschte Méint
gewisen, wéi staark hire Wëllen ass, fir fir hiert Land
anzestoen. Mee et bréngt dem Land näischt, Zaldoten
a senger Arméi ze hunn, déi net kämpfe wëllen. Mir
Piraten haten et schonn am Ufank vun dësem Krich
ugeschwat, an ech soen et och nach eng Kéier, well
ënner Partner soll een éierlech matenee sinn: Mir
fannen et net richteg, datt an der Ukrain jonk a manner jonk Männer gezwonge ginn, am Land ze bleiwe
fir ze kämpfen!
An eisen Ae muss an engem demokratesche Staat all
Mënsch d’Recht hunn, fir sech selwer ze decidéieren,
ob e wëllt fir säi Land kämpfen an an der Konsequenz
stierwen oder net.
All Mënsch muss d’Recht hunn, mat senger Famill
virum Krich ze flüchten, fir sech an engem anere
Land a Sécherheet ze bréngen. Dat ass an eisen Aen
e Mënscherecht, wat geschützt muss ginn an net dierf
a Fro gestallt ginn.
Mir Piraten gleewen un d’Recht op Liewen an net
un eng Flicht zum Widderstand. Jiddereen, deen am
Land bleift a bei der Verdeedegung vum Land hëllefe
wëllt, soll ënnerstëtzt ginn, mee en Zwang zu enger
Krichsbedeelegung, deen och nach eng diskriminéierend, pauschal Ënnerscheedung tëscht de Geschlechter virhëlt, ass an eisen Aen de falsche Wee.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir
Piraten stinn och nach ëmmer zu engem Uelegembargo. Mir sinn der Meenung, datt d’EU-Memberstaaten dat stemme kënnen. All Dag, un deem mir
als EU-Staaten dëse Krich mat eisen Iwwerweisunge
fir de russeschen Ueleg a Gas weider finanzéieren,
ass en Dag ze vill! Dat ass een Dag, wou Russland
weider Waffe ka kafen a weider Krichsverbrieche ka
begoen. Dëse Krich weist och ganz kloer, datt et fir
Europa a puncto Energie nëmmen nach an eng Richtung ka goen, a Richtung méi alternativ, gréng Energien.
All Regierung an der EU muss also elo den Turbo
aleeën, fir vun de fossille Brennstoffer ewechzekommen an och vun der Atomenergie, déi och vu
Russland ofhängeg ass. Mir hunn hei vill ze laang
geschlof, wouwéinst mer elo Versuergungsproblemer
musse fäerten a Milliounen an d’Subventioun vu fossillen Energië stiechen, déi eise Planéit just nach méi
futtimaachen an den Ausbau vun alternativen Energië
weider bremsen.
Mir mussen aus dem Hamsterrad eraus, wou mer
ëmmer nëmme kënnen déi nächst Méint garantéieren, wärend eis de Klimawandel ëmmer méi wäit fort
schéngt. Et ass dofir och net ze akzeptéieren, datt
Ungarn hei blockéiert a vun der EU-Kommissioun
wëllt Geld erpressen. Mir haten elo eng Unitéit am
Februar/Mäerz, déi mer esou an der EU laang net méi
kannt hunn. Et wier ganz schued, wann dës Unitéit
elo schonn erëm op en Enn géif goen. Mir appeléieren dofir och un Ungarn, fir hei net ze hënneren, fir
am Contraire weider un engem Strang ze zéien an
d’EU an d’Leit an der Ukrain net zum Spillball ze maachen, fir Geld vun der Kommissioun ze kréien.
Ech sot et an ech widderhuelen et: Jiddereen, deen
net fir en Embargo stëmmt, desolidariséiert sech mat
den Ukrainer!
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, nieft
der Versuergungssécherheet mat Energie musse mer
awer och un d’Liewensmëttelsécherheet denken.
Elo, wou Indien als Éischt en Exportstopp vu sengem
Weess decidéiert huet, dunn awer erëm nuancéiert
huet, fir déi eege Populatioun ofzesécheren, wäert
et um Liewensmëttelmarché nach eng weider Kéier
unzéien.
De Rekordpräis vum Weess hu mer scho geknackt an
d’Kurv gesäit am Moment just eng Richtung, nämlech stramm no uewen. Vill Länner, virun allem um
afrikanesche Kontinent, wäerten elo ferm ze kämpfe
kréien, wann d’Präisser nach weider klammen. An
och wann Indie versprach huet, déi Länner, déi och
mat Liewensmëttelknappheet ze kämpfen hunn,
weider ze beliwweren, musse mer eis preparéieren.
An och Lëtzebuerg muss sech virbereeden, well och
zu Lëtzebuerg gëtt et vill Leit, déi sech en Ustig vun
de Weesspräisser net leeschte kënnen. A wa schonn
elementar Produite klammen, dann dreift dat d’Inflatioun just nach weider an d’Luucht.
Och hei wäert dëst derzou féieren, datt nach méi Leit
Hëllefe beim Office social oder der Caritas sichen.
Dës Ulafstelle mussen deementspriechend an den
nächste Méint méi ënnerstëtzt ginn. Och dëst ass e
Punkt, dee bei enger méiglecher weiderer Tripartite misst noverhandelt ginn, well all Bierger u Kafkraaft verléiert, et awer erëm méi déi Leit am ch soen Iech Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!
M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Ech ka mech als Éischt emol dem Här Wiseler
uschléissen. An dann dat Zweet: Dat Eenzegt, wat
mer u sech hei misste maachen, wär eng Motioun ze
stëmmen, an där mer dem Wladimir Putin en Ticket
fir op Den Haag offréieren. Well ech mengen, et ass
do, wou en higehéiert. Dat ass dat Éischt.
A wann ech da liesen haut, datt d’Duma muer soll doriwwer beroden, fir d’Doudesstrof erëm anzeféieren,
fir déi dann ze applizéieren op Krichsgefaangenen
aus der Ukrain, dann, mengen ech, musse mer eis
guer net iwwerleeën, wien hei schold ass, wien hei
Krichsverbrieche begeet oder se grad plangt, well se
verstoppen et net emol méi. Se maachen et wierklech an der Ëffentlechkeet, ënnert de Spotte vun der
Weltëffentlechkeet, a se schumme sech net derfir. A
genau dofir ass dat heiten eng puer Hypokrisie!
Mir sollten d’Krichsverbrieche vu Russland esou séier,
wéi et geet, opklären, denoncéieren an dann déi responsabel Persoun – well de Fësch sténkt vum Kapp –
ganz séier op Den Haag schécken, fir datt se do kann
e rechtsstaatlecht Verfare kréien, well dat ass dat,
wat mer musse maachen! Als Weste musse mer och
beweisen, datt mer eis un eisen eegene Prinzippie
moosse loossen.
Mir stëmmen dergéint.
M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Da fannen ech nach en anert Hoer an der Zopp.
Éischtens emol: Firwat limitéiere mer eis op zéng
Joer? Ech verstinn et net. Et ass d’Hoffnung, datt de
Krich natierlech séier eriwwer ass. Mee souguer een,
deen elo e Studium ufänkt, huet keng Garantie, datt
en an zéng Joer fäerdeg ass. Schécke mer en dann
erëm heem a soen him: „Et war Pech, domm gaang,
du kriss keen Diplom hei zu Lëtzebuerg“? Dat ass dat
Éischt.
An dat Zweet ass, ech hunn et virdru gesot, zum Militärdéngscht: Et gëtt keng Flicht zum Widderstand, et
gëtt och e Mënscherecht, ze flüchten. An dat heiten
ass verstoppt gesot: Nëmmen déi, déi sech net dem
Wehrdéngscht entzunn hunn an der Ukrain, däerfen
dovunner profitéieren. An aleng doweinster.