M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Ech probéieren, an där kuerzer Zäit eise Kommentar
iwwert déi vill Gesetzer ofzeginn. Dat ass haut sécherlech e wichtegt Gesetz fir den Ëmweltschutz, och an
der Klimakris. An alles, wat och scho virdru gesot ginn
ass un nobele Causen, firwat een dat Gesetz mécht,
oder déi Gesetzer, dee ganze Pak, do si ganz vill nobel Causen, wou mir als Piraten och derhannert stinn.
Et ass awer net ëmmer esou, dass fir dat Zil, wou een
hiwëllt, een och iwwerall dee richtege Wee gewielt
huet. Dofir wäerte mir haut dräimol mat Jo stëmmen
an zweemol mat Nee.
Et sinn am ganze Package gutt Usätz derbäi, mee et
sinn der awer och, déi komplett falsch ëmgesat ginn.
Et muss een natierlech och soen, dass, wéi déi Gesetzer
entstane sinn, et nach en anere Kontext war. Deemools
hate mer net 10, 20, 30 % Präissteigerung op der Alimentatioun an de Supermarchéen. Et ass de Leit deemools net esou schlecht gaangen, wéi et am Moment
de Fall ass.
Jo, mir Piraten fannen de Pfandsystem, deen hei ugeschwat ginn ass, och ganz sympathesch. Mir hunn eis
do och schonn deemools 2018, wéi mer de Walprogramm geschriwwen hunn, Gedanken driwwer gemaach a sinn deemools zur Konklusioun komm, dass
esou e System nëmme Sënn mécht, wann een dat mat
den Nopeschlänner, mat der Groussregioun, zesumme mécht.
An et ass ee vun de Punkten, deen eis natierlech
stéiert ass: dass Der e Règlement wëllt draus maachen, anstatt dass Der de Pfandsystem iwwer e Gesetz, iwwert d’Chamber ganz transparent géift hei
erabréngen a mer hei nach eng Kéier kéinten iwwert
dee Pfandsystem diskutéieren. Well mir stinn dem
Pfandsystem positiv géigeniwwer, mee awer net der
Aart a Weis, wéi Der e wëllt ëmsetzen!
A wann Der e wëllt ëmsetzen, ass eis Demande, dass
Der et mat der Groussregioun maacht. Ech mengen,
mir hu jo och eng Ministesch fir d’Groussregioun, et
gesäit een se zwar net oft, wann et ëm d’Groussregioun geet, mee hei wär e Punkt, wou se op d’mannst
kéint aktiv ginn.
Beim Geméis an Uebst, do hu mir a sech ni verstanen,
firwat dat grouss muss am Plastik agepaakt ginn. Mee
och do si mer mam Zil, wat d’Regierung sech ginn
huet, eens, mee awer mam Wee erëm net. Well et ka
jo net sinn, dass et weiderhin erlaabt bleift, dat Ganzt
am Plastik ze importéieren, heihinner ze bréngen, et
hannert dem Riddo am Supermarché auszepaken, fir
et da virum Riddo dohinnerzeleeën. Well dee Plastik
ass produzéiert ginn, also ass der Ëmwelt guer net
gedéngt. Dat ass esou e bësse Greenwashing, deen
ee mécht. Hanne paakt een et aus a vir gëtt et da schéi
geluecht. An dat ass eppes, wou mer d’Regierung net
kënnen ënnerstëtzen. Wann Der hei hätt wëllen eppes
géint de Plastik maachen, hätt Der misse soen, dass
dat emol guer net importéiert däerft ginn. Et däerf
emol guer net heihinnerkommen, well esou oder esou,
ob et virum Riddo oder hannert dem Riddo herno an
d’Poubelle flitt, hutt Der jo do net vill erreecht.
Zum Recycling. Do hat ech op wort.lu interessant
Donnéeë gelies, zum Beispill, dass 87 % do gesot
hunn, dass se léiwer doheem ofgeholl kréien, wat se
ze recycléieren hunn, dass nëmmen 10 % géifen an
de Recyclingzenter fueren.
Bon, wann ech bei eis an der Gemeng d’Schlaang
kucken fir bei de Recyclingzenter, wou een heiansdo
laang brauch, hunn ech d’Gefill, dass méi Leit géifen
an de Recyclingzenter goen, mee ech loossen déi
Zuelen emol einfach esou dostoen. Mee nach vill méi
interessant war dat, wat d’Regierung elo vun deem
Drive-in do an d’Gesetz gesat huet. An ech kommen
herno nach op eng ganz aner Kritik, eng Kritik, firwat
dass mer d’Gesetz och am Groussen net wäerte matstëmmen.
Deen Drive-in ass an deem Konzept, wéi d’Regierung
et elo hei ëmsetze wëllt, 16-mol méi deier, wéi wann ee
recycléiert an dat doheem ofgeholl gëtt. Ganz konkreet
6.653 Euro d’Tonn kascht dat an deem Projet, an där
Form vun deenen Drive-innen, déi Dir et elo gären
hätt, géint 416 Euro d’Tonn, wann et doheem ofgeholl
gëtt. An Dir kënnt mer net soen, dass dat elo en Ureiz
soll sinn, dass d’Leit an d’Firmen an d’Gesellschaft méi
recycléiere sollen, wann et op eemol 16-mol méi deier
soll ginn, wéi et aktuell de Fall ass. An et ass ee vun de
Problemer, dass an deem Gesetz net wäit genuch geduecht ginn ass.
Dee gréisste Kritikpunkt, an ech mengen, Dir hutt et
scho vun eis Piraten erwaart, ass déi SuperDrecksKëscht. Dee ganze Kontrakt ass zougeschnidden op
d’Firme ronderëm d’SuperDrecksKëscht, dat heescht:
Haut gëtt e Gesetz gestëmmt, ouni dass virdrun
d’SuperDreckskëscht legaliséiert ginn ass. Dat steet jo
nach ëmmer am Raum, dat däerf een net vergiessen.
Dee ganze Skandal, deen déi gréng eis bruecht hu ronderëm d’SuperDrecksKëscht, ass nach net geléist. Dat
däerf een net vergiessen. An haut gëtt awer dat Gesetz gestëmmt. Wéi huet Reporter.lu richteg do geschriwwen: „Der Verdacht einer Bevorteilung von CCN“ – dat
ass déi Firma, déi fir d’SuperDrecksKëscht schafft an dat
Ganzt mécht – „hinter den Kulissen mit Einwirkung auf
politische Diskussionen“ .An dann: „Das neue Abfallgesetz könnte nämlich die Machtposition des SuperDrecksKëscht-Imperiums weiter festigen.“ Sou, an dat
ass dat, wat déi gréng haut hei an d’Chamber bruecht
hunn. D’SuperDrecksKëscht däerf mat hire Machenschafte weidermaache wéi virdrun, ouni dass se virdru
legaliséiert ginn ass, ouni dass iergendeppes geschitt
ass. Nee, on top hu se et jo nach an enger Pressekonferenz ugekënnegt.
An iwwregens, Pressekonferenz, wa mer dobäi sinn:
D’Chamber ass virdrun, wärend mer hei tagen, informéiert ginn, dass eng nei Ëmweltministesch do ass.
Bon, dat kann ee maachen, muss een awer net! Heiansdo kann een d’Chamber och nach respektéieren,
dat hätt een net esou misse maachen.
Mee et ass nach ëmmer keng Léisung do gewiescht
fir d’SuperDrecksKëscht. An deemools an der Pressekonferenz ass jo gesot ginn, dass Dir där Firma elo
nach esou vill Milliounen méi gitt mat Ärem Gesetz,
wat Der wëllt maachen. Deementspriechend …
M. François Bausch, Ministre de la Mobilité et des
Travaux publics | Här Goergen, kënnt Der eis just
nach erklären, zanter wéini nominéiert dann d’Chamber Ministeren?
M. Marc Goergen (Piraten) | Dat hunn ech jo elo net
gesot.
M. François Bausch, Ministre de la Mobilité et des
Travaux publics | Dir hutt dat dach elo grad gesot.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ech hu just gesot, et
wär vu Respekt gewiescht, wa mir hei alleguerte sëtzen, an nach zu Ëmwelttheemen, …
M. François Bausch, Ministre de la Mobilité et des
Travaux publics | Jo, dat huet jo guer keen Zesumm…
M. Marc Goergen (Piraten) | … dass Der eis et op
d’mannst och virdru matgedeelt hätt an dass mir net
mussen hei eisen Handy opmaachen, fir iwwer eng
Push gewuer ze ginn, wien dann elo den Nächsten
an der Regierung ass. Mir si gewinnt, dass et méi oft
wiesselt.
(Brouhaha)
Une voix | Très bien!
M. Marc Goergen (Piraten) | Mir si gewinnt, dass et
méi oft wiesselt.
M. François Bausch, Ministre de la Mobilité et des
Travaux publics | Kommt, mir kommen zréck zum Sujet!
(Coups de cloche de la présidence)
M. Marc Goergen (Piraten) | Mee aus Respekt …
M. François Bausch, Ministre de la Mobilité et des
Travaux publics | Kommt, mir kommen zréck zum Sujet!
M. Marc Goergen (Piraten) | Dir hutt mech jo elo
gefrot.
M. Sven Clement (Piraten) | Dir hätt net missen
ënnerbriechen, Här Bausch.
M. Marc Goergen (Piraten) | Aus Respekt virun
der Chamber hätt Der dat alt wéinstens kéinten hei
soen, ganz transparent, wa mer vun Ëmweltdossiere
schwätzen, …
M. Fernand Etgen, Président | Här Goergen, ech
bieden Iech, zu de Gesetzer ze schwätzen.
M. Marc Goergen (Piraten) | Also, wann d’Theema
d’Ëmweltministesch net zu dësem Gesetz gehéiert,
da weess ech net, vu wéi engem Theema mer haut
schwätzen.
Une voix | Très bien!
M. François Bausch, Ministre de la Mobilité et des
Travaux publics | Här Goergen, den Ëmweltminister
sëtzt hei. Laut dem Arrêté sëtzt den Ëmweltminister
hei niewent mir.
M. Fernand Etgen, Président | C’est l’orateur qui
s’écarte du sujet.
M. Marc Goergen (Piraten) | Also, Här President,
ech ginn elo net weider sichen.
M. François Bausch, Ministre de la Mobilité et des
Travaux publics | Riicht Iech wannechgelift un den
Ëmweltminister, deen hei sëtzt.
Une voix | Très bien!
M. François Bausch, Ministre de la Mobilité et
des Travaux publics | Et ass deen, deen de Moment
Ëmweltminister ass.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ech weess, et muss een
all Dag nei kucken, wie grad Ëmweltminister ass, do
hutt Der Recht.
M. Fernand Etgen, Président | Genau dat. De Moment ass de Claude Turmes Ëmweltminister.
(Brouhaha)
An d’nächst Woch ass et vläicht een aneren.
M. Marc Goergen (Piraten) | Also, Dir hutt elo gesot: Wiem seng Schold dass et? – jo, d’nächst Woch
ass et vläicht en aneren – Dir hutt elo gesot, wiem
seng Schold? Dat ass jo awer elo net meng Schold,
dass d’Ëmweltministesch huet misse goen. Also, ech
mengen …
(Interruption et hilarité)
O Mamm o Mamm! Ech mengen, do hunn ech e
Punkt bei deene Gréngen erwëscht, deen net esou
ganz ugesi war. Mee bon.
M. François Bausch, Ministre de la Mobilité et des
Travaux publics | Reegt Iech net esou vill op!
M. Marc Goergen (Piraten) | O, ech reege mech net
op, wësst Der.
(Brouhaha)
Ech probéieren ëmmer, d’Nimm ze verhalen, wie grad
an der Regierung ass. Deels sinn et gutt Texter, déi
Der …
(Brouhaha)
Dir kënnt Iech dach all och elo e bëssen erëm ofreegen! Ech mengen, et ass jo net esou dramatesch!
(Interruption)
Maja. Et si jo deels gutt Texter. Huele mer zum Beispill
dat vun de Bréifboîtten: Dat gefält eis ganz gutt, well
bis elo war et ëmmer esou, dass souwisou kee sech
dru gehalen huet, wann een deen Autocollant do hat,
dee war jo och net rechtsbindend. Deementspriechend ass dat dote ganz flott. Wat mer awer e bësse
kritesch gesinn, ass, dass et weiderhin erlaabt ass,
dass d’Schäfferéit, ouni dass een dat kéint verhënneren, hir Fotoalbumen an d’Boîtte geheien. Deementspriechend hätt een do och nach kënne méi maachen.
A beim Wegwerfgeschier, jo, dat gesi mer alles ganz
positiv. Wéi gesot, mir wäerten haut dräi Gesetzer
matstëmmen an zwee stëmme mer der net mat. An
den Haaptkritikpunkt ass, dass d’Superdreckskëscht
nach ëmmer net legaliséiert ginn ass, dass do nach
ëmmer eng ganz grouss Fro driwwer hänkt. An dat
hätt misse virun engem Offallgesetz ganz kloer hei
an der Chamber gekläert ginn, ier esou e wichtege
Punkt, wou esou vill Milliounen herno um Spill sti fir
eng Firma, hei zum Vott kënnt.
Merci.
M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt!
. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Do ass villes dran, wat eis sympathesch ass, virun
allem hate mer virun zwee Joer eng Motioun hei deposéiert als Piraten, dass all Gemeng sollt eng gréng
Poubelle kréien. Deemools hat nämlech nach net all
Gemeng eng gréng Poubelle. An dat gehéiert jo och zu
dësem Kontext. An do hu mer d’lescht Joer am November nach eng Kéier nogefrot an et konnt een nach ëmmer net an all Gemeng de Biooffall an enger grénger
Poubelle ofginn. Zum Beispill Walfer war dat. Do konnt
ee just de Grünschnitt ofginn an et konnt een net …
(Interruption)
Et ass dat, wat d’Ministesch eis deemools geäntwert
huet, virun e puer Méint. Do war et Walfer. Dofir si
mer frou, dass dat elo ëmgesat gëtt, …
(Interruption)
… déi Motioun mat de Poubellen.
(Interruption)
An de Punkt, firwat mer et awer net wäerte matstëmmen, ass ganz einfach, well mer net der Meenung sinn,
dass déi ganz Vidange-Consigne iwwer e Règlement
muss gereegelt ginn, och wa mir se sympathesch fannen. Dat misst e Gesetz sinn. Et kann net sinn, dass dat
laanscht d’Chamber geet.
Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Also, ech vertraue
menge Quellen. Meng Quell war den Ëmweltministère,
dee mer op eng Question parlementaire geäntwert
huet, dass Der zu Walfer just de Grünschnitt akzeptéiert a keng Offäll aus der Kichen. Bon, dann deet et mer
leed, dass ech déi falsch Äntwert krut op eng Question
parlementaire