7971 – Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 17 juillet 2020 sur les mesures de lutte contre la pandémie Covid-19

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
De Mëtteg ass jo e bëssen eng Ambiance heibannen,
wéi wann d’Cremantsstëpp sou lues géife fléien.
Plusieurs voix | O! O! O!
Une voix | Oo!
M. Marc Goergen (Piraten) | Loosst mech dach emol
aushuelen. Dat war elo net negativ gemengt. Also guer
keng Suerg, Här Arendt. Dat war guer net negativ gemengt.
Une voix | Cremant ass ëmmer gutt.
M. Marc Goergen (Piraten) | Genau. Cremant ass
ëmmer gutt. Och mir Piraten wäerten dëst Gesetz
haut matstëmmen. An och mir freeën eis natierlech
op déi Lackerungen.
Ech muss awer och ganz kloer soen, dass mer an de
leschten Deeg do vill Iwwerleeungen haten, ob et
schonn den Zäitpunkt ass, fir déi eenzel Lackerungen
anzegoen an dat och esou freedeg no baussen hin ze
kommunikéieren, well jo awer, wann een d’Nouvellë
lauschtert, elo mat deem neie Subtyp BA.2, dass deen
30 % méi infektiéis ass an dass den RKI gëschter gewarnt huet, ee sech awer kann d’Fro stellen, ob et
schonn de Moment ass, fir alles opzehiewen.
Also, mir hu jo ëmmer gefuerdert, dass ee méi géif
ophiewen. Elo ass d’Regierung eigentlech méi wäit
gaange wéi dat, wat mir an deene leschte Covidgesetzer gefuerdert haten. Dofir war och d’Entscheedung, fir haut dat Gesetz matzestëmmen, net ganz
einfach, a mir hunn eis et och net einfach gemaach.
Et sinn d’Experten, déi en Dënschdeg, mengen ech,
an der Kommissioun waren an de Rapport gemaach
hunn, deen, muss ech soen, ganz propper a ganz
seriö war. An déi Daten hunn eis och iwwerzeegt. Mir
ginn net vun der schwéierster Variant aus, där Deltakron-Variant, déi do erwäänt ginn ass. Wann déi géif
antrieden, musse mer esou oder esou nobesseren.
Mee mir hunn unhand vun deenen Zuelen, déi se
presentéiert hunn, decidéiert, dass mer an eng Situatioun kommen, dass mer kënnen déi Lackerungen do
elo, zu dësem Moment, mat dëser Datelag, maachen.
Dat däerf een an der ganzer Situatioun ni vergiessen: Et ass déi aktuell Datelag! Dobaussen héiert een
heiansdo scho Leit, déi soen: „Et ass elo fäerdeg, dat
kënnt net méi!“ Nee, et ass déi aktuell Datelag, déi
et erméiglecht huet, dass een haut alleguerten déi
Restriktiounen zum gréissten Deel, bon, et sinn der
nach am ëffentlechen Transport, mee zum gréissten
Deel ophieft.
An do muss een och ganz virsiichteg sinn, souwuel
d’Regierung wéi och d’Chamber oder jiddwereen,
deen an der Ëffentlechkeet kommunikéiert, dass dat
den aktuelle Moment ass, dass dat keng Garantie ass
fir d’Zukunft. Den Här Lauterbach schwätzt jo ganz oft
vun enger Summerwell. Anerer schwätzen dervun,
dass et sech am Hierscht wäert zouspëtzen, wann
eeben déi nei Variante kommen. An deementspriechend ass et op der aktueller Datelag.
Mir Piraten haten och laang intern Diskussiounen, ob
mer net éischter fir eng Variant wären, wou ee gesot
hätt, datt de CovidCheck bei groussen Eventer bleift,
well mer dat änlech gesi wéi am ëffentlechen Transport. Grad wann ee keng Sëtzplazen huet, ass et awer
riskant. Mee mir droen awer trotzdeem och haut déi
Lackerunge mat, well déi aner Punkten eis iwwerzeegt hunn. Mee sollt et sech schnell e bëssen zouspëtzen, wann déi nei Variant vun dem Omikron elo
wäert dominant Zuele kréien, wéi dat jo elo an anere
Länner virausgesot ginn ass, muss ee sécherlech och
do ganz schnell kuerzfristeg nobesseren.
Fir op déi eenzel Punkten am Gesetz anzegoen: Do
sinn der e puer, wou – kommt, mer nennen et handwierklech –, net onbedéngt déi beschte Variant gewielt
ginn ass. Fänke mer do bei de Lëschten un, déi an de
Betriber, de Gemengen an iwwerall bei de Patronen
ugefäerdegt gi sinn. Och hei an der Chamber hu mer
esou eng Lëscht do ënne vum CovidCheck. Do ass et
elo net ganz kloer am Gesetz gereegelt, dass déi muss
geläscht ginn. An dat si ganz, ganz vill Daten. Dir verloosst Iech do op den EU-Schutz vum GDPR, wou mir
Piraten awer net onbedéngt der Meenung sinn, dass
ee sech nëmmen dorobber sollt verloossen. Mee et
hätt een dat an dësem Text ganz kloer missen ervirhiewen, dass déi Lëschten elo ze läsche wären, wann de
Betrib op de CovidCheck verzicht.
(Brouhaha)
Dat Zweet ass mat der Vermummung. Jo, do ass et e
bëssen esou – an der Justizkommissioun kréie mer dat
oft mat, a vläicht hunn ech dofir och en anere Brëll,
fir dat ze kucken –, dass dat doten elo handwierklech
net onbedéngt ganz propper war mat der Vermummung. Also, do hätte mer eis awer gewënscht, dass
dat vill méi kloer wier, well elo hu mer eigentlech den
Effekt – an ech weess, do ware vläicht Presseartikele
gëschter iwwerschnell –, dass eigentlech déi Leit, déi
sech nach wollte schützen an de Supermarchéen oder
soss enzwousch, elo fäerten, dass se herno eppes Falsches maachen. An eigentlech sollt awer de Message
vun der Politik sinn, dass et weiderhi ganz recommandéiert an akzeptéiert ass, wann ee seng Mask unhält,
wann een akafe geet oder iergendzwouch higeet. An
net, dass een dann op eemol géint de Code pénal géif
verstoussen! Dat hätt een handwierklech kënne vill méi
propper léisen. A mir hoffen, dass do och ganz schnell
eng Léisung wäert kommen.
Déi Reegelen, déi fir de Prisong gëllen, akzeptéiere
mer och. Do ass eeben d’Fro nach – an dat gouf vu Polizisten u mech erugedroen –, wéi et dann herno mat
de Policebüroe gereegelt ass. Wäerten déi herno och
nach ënnert dem CovidCheck fonctionéieren, well et
jo awer eng änlech Clientèle ass? Ass och un d’Beamte
geduecht ginn an de Policebüroen?
Mir begréissen natierlech, dass d’Regierung elo op
d’Eegeverantwortung vun de Leit setzt, fir sech weiderhin ze schützen. Mir hoffen, dat wäert awer och weiderhin esou bleiwen, well an deene leschte Méint war dat
net ëmmer de Fall. Wann ee gesot huet, d’Leit dierften
op eemol no 23.00 Auer net méi raus oder aner Mesuren, da war do näischt ze héieren, dass een op d’Eegeverantwortung vun de Leit gesat hätt, fir sech weiderhin
ze schützen, sief et mat Masken oder mat Desinfektiounen.
An dann déi quokeleg Fro, déi och d’Experten an der
Kommissioun ugeschwat hunn, ech mengen, dat ass
eigentlech eng Fro, wou mer als Chamber d’Leit dobaussen och missten drop virbereeden: Ech mengen,
déi véiert Impfung wäert kommen, sief et, fir déi nei
Varianten ofzedecken oder fir d’Impfung géint déi aktuell Varianten iwwerhaapt ze verstäerken. Well kuckt
ee sech d’Zuelen un – an ech hat mer se extra nach eng
Kéier erausgesicht –, déi d’Experten eis ginn hunn, esou
geet den Impfschutz fir eng Transmissioun trotz Booster
no fënnef Méint op 4 % erof, wat awer ganz fragwürdeg ass, wann een herno iwwerall fräi zirkuléiere kann
ouni déi eenzel Schutzmoossnamen. Dat heescht, mir komme warscheinlech net derlaanscht, herno de Leit
déi véiert Impfung ze recommandéieren, well mir Piraten jo nach ëmmer der Meenung sinn, datt et keng
Impfflicht dierf ginn. Mee da musse mer de Leit dat
awer och elo ganz kloer kommunikéieren. An net elo …
(Brouhaha)
… heiansdo de Message iwweräifreg erausginn, dass
d’Pandemie quasi eriwwer wär an …
Une voix | Wie seet dat dann? Dat huet nach kee gesot!
M. Marc Goergen (Piraten) | Also, wann Der awer e
bësse kuckt, wéi d’Messagen dobausse verstane ginn
an och déi Euphorie …
(Brouhaha)
An, Dir verstitt, also ech hu verschidde Riedner virsiichteg fonnt, ech hunn aner Riedner manner virsiichteg
fonnt. Ech mengen, dat war elo diplomatesch genuch
ausgedréckt.
Mee mäi Message sollt sinn, dass mer de Leit net
d’Kommunikatioun ginn, dass et eriwwer wär, mee
dass se sech éischter virbereede fir nach eng Kéier eng
Impfung am Hierscht, an dass dat e ganz wichtege
Schrëtt ass. An dass mer och déi Leit am Boot behalen,
déi sech vläicht elo net fräiwëlleg impfe waren – bon,
ech war mech direkt bei Astra aschreiwen, mee et gëtt
och där aner Leit –, dass mer déi awer am Boot behalen an deenen och ganz kloer soen: „Am Hierscht wäert
warscheinlech nach eng Impfung kommen, fir dass
mer duerch déi Wellkommen.“
Merci.

Zesummenhang posts

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun
Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der
An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de