ACCOUNT

Newsletter September 2022

Newsletter September 2022:

Ahoi !

 d’Schoul ass erëm un an dat bedeit och, dass d’politesch Rentrée virun der Dier steet – déi lescht politesch Rentrée virum Superwahljoer 2023!

De Mount September war schonn direkt gutt gefëllt mat enger Chamberssitzung zum Tripartite-Accord, wou et ëm dee berüchtegte Präisdeckel um Gas a Stroum goung. Eis Meenung dozou fënns du hei: https://www.chd.lu/ArchivePlayer/video/3720/sequence/208768.html

Natierlech goufe wéi ëmmer och vill parlamentaresch Froe gestallt a beäntwert.

Wéi ëmmer leie bei enger Rei parlamentaresche Froe schonn d’Äntwerte vun der Regierung vir a bei aneren nach net. D’Äntwerte ginn ëmmer am Websäitebäitrag ënnert der Fro verlinkt, soubal dës virleien. Wann dir also virwëtzeg sidd, wat d’Regierung zu enger vun den nach net beäntwerte Froe wäert soen, surft roueg an e puer Wochen nach emol mat de Links  op dëser Säit laanscht a kuckt iech d’Äntwerten un.

Aussepolitik:

Wie Heise online den 3ten September mellt, sinn Dokumenter vun der leschter an aktueller Bundesregierung déi drop hiweisen, dass d’Ministeren an d’Kanzlerin sech vun de Lobbyisten a Cheffe vun den Impfstoffhiersteller beaflosse gelooss hunn. Esou ass ënnert dësen Dokumenter eng Email vum CEO vu Pfizer an der hien der Bundeskanzlerin d’Kommunikatioun an Argumenter géint eng Fräigab weiderleet. De Sven Clement huet nogefrot, ob d’Regierung och hei esou Kontakter hat.

Lobbyismus bei de Covid-19 Patenter

Den 28ten September hunn 13 Memberstaaten un d’EU Kommissioun ee Bréif geriicht fir ee Gaspräisdeckel. Lëtzebuerg huet de Bréif net mat ënnerschriwwen. Mir Piraten hunn d’Regierung an der Chamber gefrot, fir de Bréif awer z’ënnerstëtzen. Do krute mir gesot, dat wier scho gemaach, Lëtzebuerg géing de Präisdeckel mat ënnerstëtzen. D’Majoritéitsparteien an déi Lénk hunn eis Motioun dann och verworf. 2 Deeg duerno huet eis Regierung dann elo awer “Bedenken”. Mir Pirate fuerderen d’Regierung op zu hirem Wuert an der Chamber ze stoen ! Et kann een net A soen a B maachen. Och sollt endlech Transparenz herrschen iwwert d’Decisioune vu Lëtzebuerg op EU Niveau. Et kann net sinn, dass een net gewuer gëtt, wéi wéi mir zu verschiddenen Dossieren ofstëmmen.

https://fb.watch/fWm7UJgYKl/

Dir kënnt eis Videoen ëmmer gären deelen 😊

Finanzen

De Marc Goergen huet sech iwwert Konsequenze vum Tankrabatt informéiert, an och nogefrot, wat mat de Recettë vun der CO2-Stéier genau gemaach gëtt:

https://piraten.lu/recette-vun-der-co2-steier/

https://piraten.lu/den-impakt-vum-tankrabatt-op-dstaatsfinanzen/

Wéinst der Covid-19 Pandemie goufen 2020 an 2021 d’Delaie fir d’Areeche vun der Steiererklärung fir d’Joren 2019 an 2020 no hanne verréckelt an d’Steierverwaltung war méi nosiichteg wat d’Nobezuele vu Steieren ugaangen ass. De Marc Goergen huet nogefrot, ob dat nach ëmmer esou ass: https://piraten.lu/delaien-steieren/

Innepolitik & Gemengen

https://piraten.lu/wunnreegel-fir-de-fraiwellegendengscht-beim-cgdis/

An enger parlamentarescher Fro wollt de Marc Goergen wëssen, ob beim CGDIS dës lescht eng Reegel festgehale gouf, déi beseet, dass d’Bénévolen an den Asazzenter musse goen, bei deem si am nooste wunnen.

Infrastruktur & Landesentwécklung:

 

https://piraten.lu/verbrauch-gas-petrol-staat/

Stand haut hëtzt de Staat a seng sëllege Verwaltunge selwer nach ee groussen Deel vu senge Gebaier mat fossille Brennstoffer. Mir hunn nogefrot a Stand haut huet de Staat nach 1270 Gebaier, déi mat Gas hëtzen an 290, déi mat Masutt hëtzen. Zäit, fir mam gudde Beispill virzegoen!

https://piraten.lu/fluoreszeierend-stroossemarkeierung/

Op de soziale Medie kurséiere Biller vun enger Firma, déi an Australien Stroossebunnmarkéierunge mat fluoreszendéierender Faarf hierstellen. De Prinzip vun dëser Faarf kennt ee vu Kannerspillsaachen: d’Faarf hëlt d’Luucht op a stéisst dës dann an der Donkelheet of an ass am Donkele gutt erkennbar.  De Prinzip ugewannt op d’Stroossemarkéierung bewierkt, dass dës an der Nuecht besser siichtbar sinn. Virun allem op Landstroossen, wou keng kënschtlech Beliichtung do ass, kéint dës Technologie hëllefen, fir d’Stroosse méi sécher ze maachen. Eng Iddi fir Lëtzebuerg?

Justiz

 

https://piraten.lu/praisser-vun-dierwiechter/

Eis goufe verschidden Ofrechnunge vun Dierwiechter virgeluecht, déi honnerten Euro héisch waren. Alleng fir den “reçu à l’étude” an d’ “coûts de l’act” goufen an engem Fall 514€ verrechent – woubäi d’Schold selwer awer nëmmen 165€ héisch war. Dës Rechnunge sinn natierlech schwéier ze bezuelen, fir déi Leit, déi scho kee Geld méi hunn, fir déi Rechnungen ze bezuelen, déi agedriwwe ginn. Mir Piraten sinn der Meenung, dass de Status vum Dierwiechter op de Leescht geholl gëtt: an och d’Tariffer no ënnen geschrauwt ginn.

Landwirtschaft

D’Chamber krut dat neit Landwirtschaftsgesetz présentéiert (Projet de Loi 8060). Falls du eng Meenung dozou hues, kanns du eis gären op piraten@chd.lu schreiwen.

Logement

https://piraten.lu/unzuel-un-etagen-dei-een-dierf-bauen/

Eis ass opgefall, dass Ënnerschidder ginn tëschent verschiddene Bautereglementer an de Gemengen an dem Bauteregelement vun der Regierung. WAt ass dann elo d’Reegel a wou kann ee sech als Bierger oder Biergerin wenden, wann engem esou eng Divergenz opfällt?

Natur, Ëmwelt & Klima

https://piraten.lu/recette-vun-der-co2-steier/

D’lescht Joer gouf hei am Land eng CO2-Steier agefouert. Wat genau ass mat de Recette vun der CO2-Steier bis elo gemaach ginn?

 

Police & Arméi

https://piraten.lu/uweisungen-police-blackout/

Pannen oder soss Problemer am Stroumreseau kommen zu Lëtzebuerg seele fir. Am Fall vun engem sougenannten “Blackout” gëtt séier drun geschafft, fir d’Netz erëm un d’Lafen ze kréien. Gläichzäiteg muss awer och fir d’Sécherheet vun de Biergerinnen a Bierger wärend engem Blackout gesuergt ginn.

Wirtschaft:

Kontrakt tëscht der Regierung an de Pëtrolsfirmen. Mëtt September haten d’Piraten Deputéiert eng Pressekonferenz ageruff, well beim Liese vun de Kontrakter tëscht de Pëtrolsfirmen an dem Staat opgefall ass, dass d’Margen an de leschten 3 Joer staark geklomme sinn.

https://piraten.lu/pk1292022/

https://www.youtube.com/watch?v=2trUngq8aPM

https://piraten.lu/breif-fir-eng-deckelung-gas/

An der Chamber hu mir eis dofir agesat, dass d’Regierung d’Initiative fir een EU-wäite Präisdeckel op Äerdgas ënnerstëtzt. Eis Motioun gouf awer, wéi sou oft, ofgeleehnt.

Santé:

Am Paperjam gouf vun enger schwaarzer Lescht vun Patienten am CHL geschwat. Mir hunn eng Question parlementaire un déi zoustänneg Ministesch gestallt, mee mir kruten keng Äntwert. Am Beräich vun der Santé hunn mir och eng Fro zum Alter vun den Ultraschallgeräter hei am Land gestallt, zu hirer Unzuel an no wéi enge Krittären si ersat ginn. Och de Sujet Covid-Impfstoffer war am Mount September op der Aktualitéit. Mir hunn nogefrot, ob et Kontakter tëscht eisen Politiker an Vertrieder zum Thema Lizenzen gouf an op et hei zu Lëtzebuerg kee quid pro quo bei der Zouloossung vun Impfstoffer gouf. Wieder wollten mir wëssen, wéi vill Covid-19 Impfstoffer bis elo hunn missen zerstéiert ginn, well se am Halbarkeetsdatum ofgelaf waren.

https://piraten.lu/schwaarz-lescht-vum-chl/

https://piraten.lu/fro-lu-alter-vun-ultraschallgerater/

https://piraten.lu/lobbyismus-bei-de-covid-19-patenter/

https://piraten.lu/ofgelaafe-vaccinen-nofro/

 

Digitalisatioun:

Den offiziellen Instagram Account vum Energieministère ass duerch Likes vu Posts vu grénge Parteimemberen opgefall. Mir hunn eng Question parlementaire gestallt, op et bei de Social Media Accounten vu Ministère eng Zort Code de Deontologie gëtt, eng zefriddestellend Äntwert krute mir awer leider net. Des Weideren hunn mir no gefrot, wou d’Ëmsetze vun enger EU Richtlinn drun ass, no där all d’Stroum a Gaszieler missten duerch en Smart Meter ersat ginn.

https://piraten.lu/social-media-ministeren-admin/

https://piraten.lu/fro-lu-installatioun-vu-smart-meters/

Integratioun:

Am Januar 2022 gouf an der Chamber d’Gesetz fir eenheetlech Krittäre fir een Handicapgerechten Accès zu Gebaier gestëmmt. An dësem Gesetz gi 5 Reglementer opgelëscht déi sollen Detailer dozou festhalen an och wéi d’Voie publique méi benotzerfrëndlech fir Persoune mat Handicap soll gemaach ginn. Dës Reglementer si bis elo nach net deposéiert ginn an mir hunn nogefrot wéini dës wäerte kommen an u wat fir Krittäre sech d’Bauhären mussen halen well nach keng detailléiert Virgaben virleien. Eng weider Question parlementaire gouf et zum Thema vum Accès op Bankomater, vir dass och Persoune mat ageschränkter Mobilitéit a Séikraaft dës Bankomater kënne benotzen. Och d’Allocatioun de vie chère an d’Energieprimm waren am September an der Aktualitéit. Mir wollte vun der zoustänneger Ministesch wëssen, wéi vill Leit bis elo Demande eragereecht hunn, wéi vill Leit eng positiv Äntwert kritt hunn, wéi vill Leit d’Suen scho kritt hunn a wéi séier Dossieren traitéiert ginn.

https://piraten.lu/energieprimm-an-avc/

https://piraten.lu/handicapgerechten-acces-zu-gebaier/

https://piraten.lu/accessibel-bankomater/

 

Zesummenhang posts

Zanter dëser Woch gi viru Geriicht d’Virwërf géint d’Gerante vun enger Crèche gepréift. Der Ugeklote gëtt premeditéiert Kierperverletzung géint Kanner a Salariéeë virgehäit.  An