D’Piratepartei ass erschreckt iwwert d’Annonce vun enger Perquisitioun de Moien beim Radio 100,7 an der Enquête déi sech explizit géint Journaliste riicht.
Eng Perquisitioun bei Journalisten, wärend déi Responsabel net mol eng Enquête musse fäerten ass disproportionéiert.
sou de Sven Clement, President vun der Piratepartei.
An der Affär “Journal” gouf well vum europäesche Menscherechtshaff kloergestallt, datt Perquisitioune bei Journalisten en negativen Effekt op d’Meenungs- a Pressefräiheet hunn an dofir an der Mënscherechtskonventioun verbuede sinn.
D’Pirate weisen sech doriwwer eraus erstaunt doriwwer, datt amplaz eng Enquête géint déi Responsabel an der Chamber wéinst ë.a. dem Art. 120quinquies vum Code pénal – well dës Lacune hätt och vu Staaten ausgenotzt kënne ginn, hei Journalisten an hirer Aarbecht gestéiert an ageschüchtert ginn.
Hei gëtt op den Iwwerbrénger an Entdecker vun der Sécherheetslacune geschoss amplaz déi Responsabel vun der Faille ze bestrofen.
sou de Sven Clement weider
Wann an anere Länner d’Pressefräiheet mat Féiss getrëppelt gëtt, sinn all Politiker emmer séier derbäi fir d’Regierungen ze kritiséieren, och hei zu Lëtzebuerg musse mir d’Pressefräiheet all Dag verdeedegen an dofir dës Perquisitioun op d’Schärefst veruerteelen!