“Op d’laang Siicht fuerderen d’Piraten, datt déi verschidden Aufgabe vum Staatsrot op eenzel, an deene spezifesche Beräicher méi kompetent Organer verdeelt ginn. Kuerzfristeg wëlle mir, datt bei engem am Moment esou wichtegen Organ wéi dem Staatsrot all Neibesetzung vun engem Poste strikt no Kompetenz, a net no Parteizougehéieregkeet entscheed gëtt. D’Nominatioun op sou e Poste soll ausgeschriwwe ginn a vun enger neutraler Instanz bestëmmt ginn. Des Weidere muss de Sëtz vum Grand-Duc héritier am Staatsrot gestrach gi fir d’Gewaltentrennung an demokratesch Prinzipien ze respektéieren.”
*Wahlprogramm 2018-2023