Pressematdeelung vum 21. Februar 2018
“Déi aktuell Diskussioun iwwert sougenannte Courses-Sorties ass just een Zeechen dofir, dass des Regierung net vill Wäert op ee gutt Liewe vun eise Seniore leet, wou eis Land mat opgebaut hunn an de Wuelstand vun Haut schwéier erschafft hunn.” sou de Camille Liesch zu der aktueller Reform vun der Fleegeversécherung.
Piratepartei bemierkt schonn zënter laangen, dass Solidaritéit vun den etabléierte Parteie mat de Senioren ofhëlt, an elo och nach soll am Kader vun der Reform gespuert soll ginn. Mir sinn der Meenung, et soll ee Fleegen a Gesondheet net an Hand vu Firme gi mee selwen als Staat fir de Wuel vun der Bevëlkerung Suergen. Dofir schloe mir och fir, elo Personal welcht keng Aufgabe méi huet wéinst dem sträiche vun den “courses-sortie” iwwert eng staatlech Struktur erëm anzestellen an sou direkt de Senioren dëse Service erëm ubieden ze kennen, ouni mussen sou fir Käschte vun externe Firmen op ze kommen.
“Eng schnell Léisung muss hier, elo erëm bis zu de Wahlen dat Thema ze benotzen an dann ëmmer erëm de Service eraus ze verzöger, wäert eise Senioren net weider hëllefen, dofir direkt reagéieren, mir fuerdere Regierung op bis zum 15. Mäerz fir Kloerheet ze suergen” sou de Camille Liesch weider.
Programmkommissioun vun der Piratepartei wäert an den nächste Woche weider Propose verëffentlechen zu enger neier Reform Richtung Verbesserung, an net Verschlechterung fir de Patient. Eis Partei steet fir manner kommerziell Interessen am Gesondheets a Fleegesecteur, mee dass de Staat méi eng staark Hand muss kréie fir dësen Domän.
“Sou kennt een och Parkingspräisser selwer gestalten” sou de Camillie Liesch schäerzhaft.
