No de CEDIES-Reforme sinn ëmmer méi Studenten nieft dem Studium obligéiert schaffen ze goe fir hire Liewensënnerhalt ze finanzéieren. Leider ass ausserhalb vun de Schoulvakanzen dëst fir potenziell Employeure mat vill Opwand verbonnen.
De René SCHMIT, Independant a Präsidiumsmember vun der Piratepartei seet dozou:
“Elleng d’Umeldung bei der CCSS an den administrativen Opwand mat engem Studentekontrakt ausserhalb vun de Vakanze mécht et oninteressant fir en Entrepreneur fir Studente richteg ze declaréieren. De Risiko vu Schwaarzaarbecht gëtt domadder vum Staat implizit gefördert.”
Schüler a Studenten dierfen aktuell maximal 2 Méint Vollzäit pro Joer während de Schoulvakanzen agestallt ginn a kënnen ausserhalb vu CDDe profitéieren déi awer ëmmer nëmmen 1 Mount dierfe goen an op 10 Wochestonne begrenzt sinn.
D’Piratepartei fuerdert fir e vereinfachte System vun engem Studenten-CDI deen op Stonnebasis ofgerechent gëtt an nëmmen 1 mol pro Mount misst deklaréiert ginn anzeféieren an esou Studente méi Sécherheet ze bidden a Patrone Rechtssécherheet ze bidden.
“Vill gëtt vun enger, simplification administrative’ geschwat, hei wier d’Chance ze weisen, datt een eppes géint Schwaarzaarbecht, fir besser Konditioune fir Studenten a fir eng Vereinfachung vun de Prozedure maache kéint” sou de René SCHMIT ofschléissend.