Piratepartei
  • Eis Themen
    • Biergerrechter
    • Wëssensgesellschaft
    • Selbstbestëmmt Liewen
    • Natur- an Ëmweltschutz
    • Staat & Demokratie
    • Europa ouni Grenzen
    • Wirtschaftspolitik
    • Grondsaz & Wahlprogrammer
  • Iwwert d’Piratepartei
    • Präsidium
    • Parteileedung
    • Bezierker
    • Sektiounen
    • Schiidsgeriicht
    • Jonk Piraten
    • Transparenz
    • Pressespiggel
  • Matmaachen
    • Kandidatur Chamberswahlen 2018
    • Däin Thema an eisem Wahlprogramm 2018
    • Gëff Member
    • Spenden
    • Informéieren
    • Matschwätzen
    • Matschaffen
    • Events
  • Gemengewahlen 2017
    • Piraten an de Gemengeréit
      • Starsky Flor
    • Cliärref
    • Kielen
    • Stad Lëtzebuerg
    • Esch-Uelzecht
    • Réimech
    • Péiteng
  • Kontakt
    • Press

Piraten ënnerstëtze GAYMAT: gläich Rechter fir LGBTQ & selwerbestëmmt Liewe fir inter- an transsexuell Persounen!

D’Piratepartei ënnerstëtzt de Festival GAYMAT a widderhëlt d’Fuerderung zu Lëtzebuerg endlech all Mënsch gläich ze stellen – onofhängeg vu Geschlecht oder sexueller Identitéit.

“Nieft der längst iwwerfälleger Gläichstellung vum Bestietnis tëscht homosexuellen an heterosexuelle Partnerschafte mussen och d’Regelen zur Adoptioun fir all Mënschen t’selwecht sinn. Eng homosexuell Koppel ka genau esou gutt Kanner erzéie wéi dat heterosexuell Partner kënnen – dës Diskriminéierung muss ophalen!” sou de Marc Goergen, Vize-Präsident vun der Piratepartei. D’Pirate fuerderen eng komplett Gläichstellung, mat alle Rechter a Flichten, onofhängeg vum Geschlecht vun de Persounen.

Donieft wëllen d’Piraten op d’Situatioun vun den transgender Leit zu Lëtzebuerg opmierksam maachen. “Nieft den héijen administrativen Hürde bei engem Changement de Sexe kréie Persounen, déi de Schrëtt zu enger Transitioun maachen nach ëmmer net all d’Fraise vun der Krankekees rembourséiert. Och den Accès zu wichtege Medikamenter, déi dee Prozess ënnerstëtzen, ass net garantéiert.” sou de Marc Goergen. Nieft enger vereinfachter Prozedur beim Changement de Sexe fuerdert d’Piratepartei och d’Aféiere vun engem drëtte Geschlecht. “An Australien kënne Persounen, déi sech net am binäre System “Mann oder Fra” erëmerkennen een Drëtt Geschlecht op offiziellen Dokumenter uginn. Och zu Lëtzebuerg muss dës Méiglechkeet geschaf ginn, fir dass trans- an intersexuell Mënschen ee selwerbestëmmtent Liewe genéisse kënnen!” sou de Marc Goergen ofschléissend.

D’Fuerderung no kompletter Gläichstellung vun alle Persounen, onofhängeg vu Geschlecht oder vun der sexueller Identitéit, ass Deel vun der Piratepartei hirer Campagne fir d’Wahlen 2013. Onse Slogan “Reboot Luxembourg – Lëtzebuerg neistarten” gëllt och fir d’Gesellschaftspolitik: Schluss mat Diskriminéierung opgrond vu Geschlechts- a sexueller Identitéit, Gläichstellung elo!

Titel:

Rubrik:

Auteur:
Sven Clement
Datum:
12/07/2013

Share desen Artikel:

2 responses to “Piraten ënnerstëtze GAYMAT: gläich Rechter fir LGBTQ & selwerbestëmmt Liewe fir inter- an transsexuell Persounen!”

  1. Marcus says:
    12/07/2013 at 17:14

    Jop, mir hun jo soss och keng Problemer, dei wesentlech mei leit betreffen.

    Reply
    1. kiara says:
      13/07/2013 at 02:36

      Hallo Marcus,

      1. Diskriminéirung AS en eeschtzehuelende Problem, deen eben d Minoritéite betrëfft. Wien ëmmer just der Majoritéit hëlleft, kann nie Diskriminéirung bekämpfen oder verstärkt se just nach, außerdem as jidereen den iergendwou zur Majoriteit gehéiert ëmmer ënnert engem aaneren Aspekt eng Minoritéit.
      2. Dach, mir hunn nach genuch aaner Problemer. 😉 Mir kënnen awer och net ëmmer all Problem an all Pressecommuniqué behandelen. Alles eent nom aneren 😉

      Reply

Leave a Reply to Marcus Cancel reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Newsletter

Du wëlls ëmmer um Laafende sinn? Dann abonnéier eisen Newsletter

You've already signed up, Thanks!
Check your inbox now to confirm your subscription.

Twitter
Tweets by Piratepartei
Follow eis op Twitter!
Elo Member ginn!
Jonk Piraten

Nächst Events

09Jul2018
Parteileedung 19:00 | PPHQ 1b, rue de Luxembourg, Kopstal
10Jul2018
Stammdësch Piraten Zentrum 19:00 | Independent Café
23Jul2018

06Aug2018

10Aug2018

De kompletten Agenda

Ons Aktuell Kampagnen

Newsletter

Du wëlls ëmmer um Laafende sinn?
Dann abonnéier eisen Newsletter

You've already signed up, Thanks!
Check your inbox now to confirm your subscription.

Elo Member ginn!
Jonk Piraten

Pirateparteie Weltwäit:

  • Australia
  • Österreich
  • Argentinien
  • Weißrussland
  • Belgien
  • Brasilien
  • Kanada
  • Kroatien
  • Tschechien
  • Estland
  • Finnland
  • Frankreich
  • Deutschland
  • Greichenland
  • Ungarn
  • Island
  • Israel
  • Italien
  • Japan
  • Kasachstan
  • Lettland
  • Luxembourg
  • Niederlande
  • Neuseeland
  • Polen
  • Portugal
  • Rumänien
  • Russland
  • Schweden
  • Schweiz
  • Spanien
  • Ukraine
  • Vereinigtes Königreich
  • USA

Piraten zu Lëtzebuerg:

  • Bezierk Norden
  • Bezierk Süden
  • Bezierk Zentrum
  • Bezierk Osten
  • Sektioun Stad Lëtzebuerg
  • Sektioun Péiteng
  • Sektioun Cliärref
  • Sektioun Nordstad

Iwwert d’Piratepartei:

  • CC-BY-SA 4.0
  • Kontakt
  • Gëff Member