Dësen Freideg 14. Juni gëtt um Weltbluttspendedag de ville Bluttspender fir hiren Déngscht un der Gesellschaft Merci gesot. Och d’Piratepartei ass frou, datt all Joers bei deenen 13.700 Bluttspender eng ronn 1000 nei Fräiwëlleger de Schrëtt maachen, fir Blutt ze spenden.
Et ass allerdéngs bedauerlech, datt op de Formulaire bei der Éischtspend souwéi bei regelméissege Spenden nach ëmmer, indirekt, no der sexueller Orientéierung gefrot gëtt. Iwwert d’Fro, op een zënter 1977 mindestens ee mol e sexuelle Kontakt mat engem Mann hat, gi Männer, an der Méizuel homo- a bisexuell liewent Männer, vun der Spend ausgeschloss. Dëst Ausschléisse berout nëmmen op der fräiwëlleger Ugab vum Spender, wou de Wouerechtsgehalt natierlech absolut net iwwerpréifbar ass.
“Der Liewensweis vum Spender gëtt keng Rechnung gedroen, ma homosexuell Männer, déi eigentlech der Gesellschaft hëllefen wëllen, ginn op hier Sexualitéit reduzéiert oder gezwongen, d’Wouerecht ze verheemleche fir Hëllefen ze dierfen.” sou den Andy Maar, Präsidiumsmember vun der Piratepartei. “Méi wichteg ewéi de Fakt, wéi engem Geschlecht de Partner ugehéiert, ass d’Risikoverhale vum Spender. Et ass evident, datt de Risiko op eng HIV-positiv Bluttspend bei heterosexuelle Mënsche mat heefeg wiesselnde Geschlechtspartner ongläich méi héich ass wéi bei engem homosexuelle Mann, deen entweder enthalsam oder an enger monogamer Bezéihung lieft.”
Nodeems Groussbritannien a Schweden schonn d’Bluttspend fir homo- a bisexuell Männer opgemaach hunn, geet och Frankräich op dëse Wee. “Mir fuerderen de Gesondheetsminister Mars Di Bartholomeo op, sech un dëse Länner e Beispill ze huelen an dës ongerechtfäerdegt Diskriminéierung vun homosexuelle Männer ze stoppen. Beim Bluttspende muss nom Risikoverhale vu jiddwerengem, onofhängeg vum Geschlecht an der sexueller Identitéit, gefrot ginn!” sou den Andy Maar weider.
Keng anner Problemer Piraten?
Ech schaffen an der Sante, leider ass et sou dass Homosexueller nunmol 7x den Risk hun eng sexuel iwerdrobar krankheet zehun wei net homosexueller. Mat Homophobie huet daat neicht ze din mais, mais kaalen Fakten an Statistiken..
Mir kennen gären Fakten op der Seit lossen fir dass mir eis alleguer wuelfillen an mengen mir wären all gleich, an eis sexualitéit hät keng auswierkungen op eis d’Blutbild.