D’PIRATEN fuerderen 10 € / m² fir lokative Wunnraum, do kann een sech d‘Fro natierlech stellen, wéi geet dat?
TV Spot:
Als éischt ass et wichteg ze wëssen, wat de Quadratmeter an der Konstruktioun iwwerhaapt kascht. All eis Zuele berouen op den Zuelen vum „Observatoire de l‘Habitat“ an den Estimatiounen vun 3 Baufirmaen fir Haiser. Fir Appartementer kéint een unhuelen, datt d‘Präisser an der Moyenne 11 Prozent méi niddreg leien (op den Total gekuckt).
Laut dem Observatoire kënnt haut eng Unitéit Wunnraum op 3,1 Ar Terrain. Bei engem mëttlere Präis vun ronn 72.000 € / Ar komme mir op folgend Rechnung.
Fir een Haus komme mir also op folgend Mëttelwäerter:
Terrain: 223.000 €
Quadratmeterpräis (Konstruktioun): 2.750 € / m²
Laut dem STATEC ass eng „Maison mitoyenne“ ronn 157 Quadratmeter grouss.
Also kascht een Haus an der Mëttelklass ouni Benefice: 223.000 + 157 * 2.750 = 654.750 €
Bei engem Appartement kënnt eng Unitéit op 1,3 Ar, an d‘Moyenne vun engem Appartement ass 86 m², da géif d‘Rechnung esou ausgesinn:
Terrain: 93.600 €
Konstruktiounspräis / Quadratmeter: 2.450 € / m²
En Appartement géif also ronn: 93.600 + 86 * 2.450 = 304.300 € kommen.
Finanzement
Dëst muss een natierlech finanzéieren. De Pensiounsfong huet haut Reserven vun 17,8 Milliarden Euro. Dovunner kéint een 5 %, also 900 Milliounen an Immobilien investéieren.
Bei de genannte Präisser wieren dat 1.375 Haiser oder 2.960 Appartementer déi een hei kuerzfristeg kéint bauen. Dëst entsprécht ongeféier der Kluft tëscht Offer an Demande zu Lëtzebuerg.
Wa mir dovunner ausginn, datt een Haus oder en Appartement op 30 Joer amortiséiert ginn, da komme mir op folgend Loyere pro Mount a Meter carré:
Haus: 11,58 €
Appartement: 9,83 €
Bei den Haiser ass et den Terrain deen eis iwwert 10 € de Quadratmeter dréckt, hei misst een also entweder méi dicht bauen oder awer Zweefamilienhaiser virgesinn fir datt et opgeet.
Grondsätzlech gëllt: d‘Konstruktioun vun Haiser an Appartementer duerch en drëtten ëffentleche Promoteur ouni Gewënnabsicht fir 10 € de Quadratmeter Loyer pro Mount méiglech ass.
TV Spot: